D'Damme vu Mamer klappe Péiteng, Dikrecher Häre wannen zu Esch

© Pressphoto (Archiv)
E Samschdeg den Owend war am nationale Volleyball-Championnat bei den Dammen an Hären den Optakt vum 2. Spilldag.
Hären
Den Escher VBC hat an der eegener Hal keng Chance géint Dikrech an huet sech misse mat 0:3 (12:25, 13:25, 22:25) geschloe ginn, woumat de Chev mat 6 Punkten aus 2 Matcher an d'Saison start.
Zu Fenteng hunn d'Spectateuren eng spannend Partie géint Luerenzweiler ze gesi kritt, an där d'Lokalekipp um Enn no zweefachem Réckstand mat 3:2 (14:25, 25:18, 14:25, 25:22, 15:13) d'Iwwerhand behält.
D'Partie tëscht dem Belair a Stroossen ass wéinst dem Forfait vun der Lokalekipp mat 3:0 u Stroosse gaangen.
E Sonndeg sti sech nach Iechternach a Bartreng géintiwwer.
Dammen
Péiteng huet an der eegener Hal géint Mamer gutt matgehalen a praktesch op Aenhéicht agéiert, ma trotzdeem sollt d'Partie mat engem Score vun 0:3 (18:25, 23:25, 25:27) op en Enn goen.
Esch louch géint d'Gym mat 0:2 an de Sätz a Réckstand, ma der Lokalekipp ass en impressionante Comeback gelongen, soudass et um Enn 3:2 (17:25, 22:25, 25:22, 26:24, 15:13) geheescht huet.
D'Matcher tëscht Iechternach a Bartreng an tëscht Stengefort a Walfer stinn e Sonndeg um Programm.