De Weekend war de 7. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.

Am erwaarte Spëtzematch ass dem FC Déifferdeng 03 géint de Racing keng Iwwerraschung gelongen. D'Ekipp aus dem Minett hat Hesper virun zwou Wochen e Bee gestallt. De Racing huet awer vun Ufank u gewisen, dass si d'Meeschtesche sinn a louchen no 30 Minutte schonn 2:0 vir. No der Paus konnt d'Lokalekipp erhéijen an Déifferdeng ass an der Persoun vum Tinoco den Éieregol gelongen. Um Enn stoung et also 3:1 fir de Racing, deen domat Tabellenéischte bleift.

Am Ostderby tëscht Jonglënster an der Entente WMG stoung et no 90 Minutte 4:2 fir d'Lokalekipp, déi domat an der Tabell um Spëtzenduo Racing an Hesper dru bleift.

An de weidere Matcher gouf et héich Victoirë fir Ell zu Housen (11:1), Hesper beim Opsteiger Mäertert-Waasserbëlleg (7:0) a Mamer zu Dikrech (5:0).