FLBB-Damme géint Montenegro an d'Schwäiz gefuerdert

© AFP (Archiv)
Dës Woch spillt déi Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Dammen hiren drëtten a véierte Match an der EM-Qualifikatioun.
Mat zwou Victoiren aus deenen éischten zwee Matcher ass d’FLBB-Selektioun gutt an dës EM-Qualifikatioun gestart. Am Grupp H läit d’Ekipp vum Trainer Mariusz Dziurdzia op der zweeter Plaz an der Tabell.
D’Zil ass et, mat dësem positiven Trend weiderzefueren. No 10 Joer ass och d'Lisy Hetting nees mat dobäi. Fir d'Nationalspillerin war et ee staarken Optakt an d'Campagne.
"Ech mengen, dat éischt, wat ee muss soen, ass, datt mir an de leschte Matcher fir eng Iwwerraschung gesuergt hunn, domat hat villäicht net jidderee gerechent. Elo kommen déi hei Matcher, dat gëtt e bëssen anescht. Ech mengen, d'Géigner kennen eis mëttlerweil, wäerten eis och net ënnerschätzen. D'Schwäiz ass op eisem Niveau. Dofir denken ech, datt mir dee Match op alle Fall musse probéieren ze gewannen. Montenegro hu mer näischt ze verléieren, déi sinn an den Top12 an Europa, woubäi mir op 26 sinn, sou datt si kloer d'Favoritinne sinn."
D’Géigner am Gymnase vun der Coque heeschen en Donneschdeg Montenegro, respektiv e Sonndeg Schwäiz. Géint d’Schwäizerinne konnte sech d'Lëtzebuergerinnen um 1. Spilldag 56:48 auswäerts behaapten. Et kann ee sech deemno serréiert Partien erwaarden. Allerdéngs huet d'Ekipp vum Mariusz Dziurdzia mat Blessuren ze kämpfen.
"Wat eis Preparatioun ubelaangt, villäicht verleeft se net grad 100 % optimal, well mir hunn awer e puer verletzte Spillerinnen. Ech mengen d'Catherine Mreches kann net dobäi sinn, och d'Michelle Dittgen an d'Joy Baum net. Och elo wärend der Preparatioun sinn e puer Bobboen, déi musse behandelt ginn, awer ech denken näischtdestotrotz gesi mer dat awer positiv. E Sonndeg oder Méindeg kommen d'Spillerinnen aus dem Ausland dobäi an da wäerte mer alles ginn, fir dat optimal kënne virzebereeden."
Fir déi éischte Kéier am Krees vun der Nationalekipp ass d’Amanda Cahill. Déi gebierteg Amerikanerin krut viru kuerzem déi Lëtzebuerger Nationalitéit a kéint géint Montenegro zu hirem éischten Asaz fir d’FLBB-Selektioun kommen. Als Matspiller vum Amanda Cahill beim BBC Gréngewald weess d’Lisy Hetting deemno ëm d’Qualitéite vun der frëschgebakener Nationalspillerin. Donieft freet si sech awer och, perséinlech zeréck am Krees vun der Nationalekipp ze sinn.
"Hatt ass e Leader a kann d'Ekipp matrappen. Ech mengen, hatt wäert definitiv säin Input an der Defense bréngen, och ënnert dem Kuerf an der Offense. Ech spillen zum Beispill perséinlech immens gäre mat him. Dat ass elo meng zweet Saison um Gréngewald, wou ech mat him spillen. Virdrun, wou hatt zu Walfer gespillt huet, hunn ech wierklech net gär géint hatt gespillt. Ech freeë mech einfach op dës Campagne, fir mam Amanda ze spillen an och fir mat alleguer deenen anere Spillerinnen ze spillen. Ech menge fir mech ass dat och alles nei, lo no zéng Joer, wou ech dann zréck sinn. Ech freeë mech drop."
Et däerf een also gespaant sinn, wéi sech d'FLBB-Damme ronderëm d'Lisy Hetting an hiren nächste Matcher an der EM-Qualifikatioun aus der Affär zéien.
Déi zwee Matcher vun den FLBB-Damme kënnt Dir bei eis am Livestream kucken.