No dräi Woche Paus goufen am Damme-Championnat d’Matcher vum 5. Spilldag absolvéiert. D’Häre preparéiere sech op d’EM-Campagne.

Axa League Dammen

D’Red Boys Déifferdeng huet sech mam 27:17 beim HB Museldall wichteg Punkten am Kampf ëm d’Spëtzepositioune geséchert. Um Enn war d’Resultat méi kloer, wéi am Ufank erwaart gi war.

An der Ufanksphas hu sech béid Ekippe beschnuppert (no 10 Minutten 3:3), mee duerno huet de Match Tempo opgeholl. An der 13. Minutt sollt Déifferdeng eng éischt Kéier d’Féierung iwwerhuelen, fir se bis zur Paus net méi ofzeginn. Dat louch engersäits un der Prezisioun am Ugrëff, anerersäits un den dräi verschossene Siwemeter vum Museldall. D‘Miselerinnen, déi bis elo déi positiv Iwwerraschung vun der Saison sinn, hunn awer ni e méi grousse Réckstand wéi 3 Goler zougelooss, hu sech d’Liewen awer mat ze komplizéierte Schëss schwéier gemaach.

No engem Pausestand vun 13:11 fir Déifferdeng, déi an der ongewinnter wäiss-bloer Uniform opgelaf waren, ass d’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren mat engem 4:2-Laf an déi zweet Hallschent gestart, wat dat néidegt Selbstvertraue bruecht huet. Trotz der Ënnerstëtzung vun den eegene Supporteren hat een zu kengem Moment d’Gefill, dass de Museldall de Match nach eng Kéier dréine kéint. Den Trainer Jeff Paulus huet et souguer mat enger duebeler Manndeckung versicht, mee och dat sollt näischt bréngen.

Beim Stand vu 15:19 an der 48. Minutt sinn Déifferdeng dräi Goler hannertenee gelongen, woumat si op d’Gewënnerstrooss abéie konnten. D’Golkippesch Emeline Hoé, hat wéi schonn am éischten Duerchgang, och an der zweeter Hallschent hiren Undeel un der Victoire vun Déifferdeng. Um Enn stoung en 17:27 um Tablo.

Den HB Käerjeng kann eng souverän 42:26-Victoire géint den HC Atert Réiden verbuchen. An enger golräicher éischter Hallschent huet Käerjeng e bësse gebraucht, fir Réiden ze distanzéieren. Bis zur 20. MInutt konnten d’Gäscht aus dem Lëtzebuerger Westen de Réckstand bei 4 Goler halen (10:14), mee duerno ass hinnen d’Loft ausgaangen a Käerjeng ass dervu gezunn. An der Paus stoung et 21:13 fir de Rekordchampion.

An den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng säi Stiwwel weider erofgespillt a krut vu Réiden net méi vill Géigewier. Virun allem d’Tina Welter konnt mat hiren 12 Goler op Käerjenger Säit iwwerzeegen. Bei Réiden war d’Laurine Guillet mat 8 Goler bescht Buteuse.

No engem schwéiere Start an de Match gewënnt den HB Diddeleng kloer 27:20 beim HB Esch.

D’Diddelenger Fiiss ware wuel mat engem 3:0-Laf an de Match gestart, mee konnten Esch uschléissend net kloer distanzéieren. D’Ekipp vum Trainer Henri Mauruschatt huet sech nees erugekämpft an den Ecart bei maximal 2 Goler gehalen. Dat huet dem Diddelenger Trainer Molitor guer net geschmaacht, mee och no sengem fréien
Timeout huet et bis an d’28. Minutt gedauert, bis seng Dammen nees mat dräi Goler vir waren.

Diddeleng konnt säi positive Flow no der Paus (14:10) weiderféieren an huet mat engem 6:2-Laf bis zur 40. Minutt den néidege Virsprong erausgespillt, fir de Match um Enn souverän ze gewannen.

Nächste Sonndeg trëtt den HBD am European Cup géint JuRo Unirek VZV aus Holland un.

De véierte Match vum 5. Spilldag tëscht dem HC Standard an dem Chev Dikrech gëtt eréischt en Donneschdeg, de 7. November gespillt.