Diddelenger Dammen trotz engagéiertem Optrëtt eliminéiert

© AFP (Archiv)
Den HBD verléiert och de Retourmatch géint JuRo Unirek aus Holland an ass domat am European Cup ausgescheet.
Mat den Diddelenger Dammen ass de leschte lëtzebuergesche Vertrieder an enger europäescher Kompetitioun eliminéiert ginn. D’Ekipp aus der Forge du Sud war mat engem Réckstand vun 8 Goler (22:30) aus dem Allersmatch an Holland gereest an huet och do eng Néierlag mussen astiechen. JuRo Unirek VZV steet nom 36:31 am nächsten Tour vum European Cup.
Béid Ekippen hu sech an den éischte 15 Minutten näischt geschenkt an den Tempo war immens héich. D’Diddelengerinne konnte mathalen a waren hire Géignerinnen ebenbürteg. Wéinst dem héijen Tempo huet den Trainer Mikel Molitor sengem Réckraum (K. Wirtz, J. Wirtz, Bolle) eng Paus gegënnt an déi jonk Gard mat Dickes, Dautaj a Ciufoli agewiesselt. Dëse Wiessel war net gutt fir d’Diddelenger Spill, well si am Ugrëff net méi déi néideg Duerchschlagskraaft haten a vill Ballverloschter produzéiert hunn, wouduerch JuRo Unirek bannent 10 Minutten e 7:1-Laf gelongen ass.
Nodeems d’Wirtz-Schwësteren an d’Ninon Bolle zeréck um Terrain waren, ass d’Diddelenger Spill nees besser gelaf an den HBD konnt bis zur Paus nach op 17:20 verkierzen.
De Mikel Molitor hat an der Vestiaire wuel déi richteg Wierder fonnt, well seng Damme sinn déi zweet Hallschent mat enger konzentréierter Leeschtung, an der Defense wéi am Ugrëff, ugaangen a goufen no 44 Minutte mam Ausgläich belount (26:26). D’Hollännerinnen hu fir hir Goler schwéier schaffe mussen, wat hiren Trainer och zu engem Timeout gezwongen huet.
Dësen Timeout huet Unirek waakreg gerëselt an d’Hollännerinne konnte sech bis zur 52. Minutt nees komfortabel op 4 Goler ofsetzen. Diddeleng hat et, trotz der Ënnerstëtzung vun de matgereeste Supporteren, op en Neits schwéier, fir Lächer an der Defense ze fannen, an ass och méi wéi eng Kéier un der géignerescher Golkippesch hänke bliwwen, oder de Ball ass laanscht de Gol gaangen.
Duerch déi héich Victoire am Allersmatch war d’Weiderkomme vun den Hollännerinnen zu dësem Zäitpunkt scho kloer. A si sollten och no 60 Minutte mat 36:31 als Gewënner vum Terrain goen. Um Enn fält d’Victoire fir Unirek e puer Goler ze héich aus; dat och, well Diddeleng an de leschte 5 Minutte just nach ee Gol markéiert huet.