Lëtzebuerg preparéiert sech op d'Campagne géint Rumänien
Nächst Woch spillt d'Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp an der Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2027 géint Rumänien. RTL war bei der Preparatioun dobäi.
De 24. November spillen d'Rout Léiwen an der Qualifikatioun fir d'WM 2027 de Retourmatch géint Rumänien. Den Allersmatch hat d'FLBB-Selektioun iwwerraschend 76:72 gewonnen, mee e puer Deeg drop gouf et dunn heiheem eng Néierlag géint Norwegen.
Néng Méint sinn zanter dem leschte Lännermatch géint Norwegen vergaangen, dofir gëllt et, sech gutt op den nächste Match ze preparéieren. D'Profien, déi am Ausland ënner Kontrakt stinn, stoussen awer eréischt d'nächst bei d'Ekipp. D‘Moral an d‘Confiance sinn héich virum leschte Match am Joer 2024.
De Géigner dierft een an der Tëschenzäit relativ gutt kennen. Net nëmmen Ufank vun dësem Joer huet ee géint Rumänien gespillt, mee och fir déi lescht Qualifikatiounsphas fir d‘EM 2025. Trotzdeem koum d'Victoire am Allersmatch dach e bëssen iwwerraschend.
Lëtzebuerg steet am Moment op der éischter Plaz an der Dräier-Grupp vun der Pre-Qualifikatioun. Den Éischten aus all Grupp kënnt an den nächsten Tour, genee wéi och de beschte Gruppen-Zweeten.