Eleonora Molinaro a Christophe Nickels gewanne bei den FLT Masters
E Sonndeg hu sech déi Bescht vum Lëtzebuerger Tennis Rendez-vous zu Esch fir d'Finallen vun den FLT Masters ginn.
Schonn zanter 2015 ginn déi national Championnater am Tennis gespillt an den Tournoi huet ee ganz grousse Stellewäert bei de Spiller aus dem Grand-Duché.
Ugefaange gouf am CNT mat der Damme-Finall am Eenzel wou sech d'Eleonora Molinaro an d'Leila Fabbri géigeniwwer stoungen. Hei war et vun Ufank un d'Molinaro, wat den Toun uginn huet an d'Finall relativ kloer an zwee Sätz fir sech entscheede konnt. Fir d'Spillerin vun der Spora war et schonn de fënneften Titel bei den FLT Masters an dat no enger Paus vu véier Joer.
"Ech hu fir d'lescht 2018 matgespillt an et sinn e puer Changementer gewiescht, mee den Tournoi ass deen Tournoi vum Joer hei zu Lëtzebuerg. Ech war elo véier Joer op der Uni an ech hunn elo dëst Joer gesot ech maachen et nach eng Kéier an ech spillen nach eng Kéier heiheem. Ech hunn et ëmmer flott fonnt.", esou d'Eleonora Molinaro.
Datt den Tournoi esou gutt ukënnt läit och dorun, datt een sech hei fir nach méi grouss Aufgabe presentéieren kann. Et mécht een also villes richteg, dat gesäit och de Präsident vun der FLT, de Claude Lamberty, esou: "Et gesäit een dass mir um richtege Wee sinn, den Niveau war relativ staark. Et huet ee gesinn, datt d'Spiller sech wëllen druginn. Se ginn alles fir sech ze weisen an et mierkt een, datt de Stellewäert vum Tournoi héich ass."
Och an Zukunft sollen d’FLT Masters weider gespillt ginn an et kann ee sech dem Claude Lamberty no op weider Editioune freeën: "Mir hunn net wëlles den Tournoi nach eng Kéier anzestellen, wëll et um Enn vun der Saison quasi d'Kiischt um Kuch ass. Déi Beschte vun de Beschte vum nationale Ranking a mir wäerte sécher den Tournoi hei weiderfueren."
Een Highlight vum Nomëtte war awer sécherlech och d'Éierung vum Liz Conzemius, dat sech säit dësem Joer Weltmeeschterin am Blannentennis nenne kann. Duerno goung et du mat der Finall am Eenzel bei den Hären weider, an där de Raphael Calzi géint de Christophe Nickels ugetrueden ass. Déi zwee hunn sech ee spannende Match geliwwert mat dem besseren Enn fir den Nickels, deen no dräi Sätz am Tie Break mat 7-6 d’Iwwerhand behale konnt.
"Ech mengen et war ee ganz equilibréierte Match, d'Resultat seet alles, hie war vir, dann hunn ech alles ginn an ech si mir de Match e bësse siche gaangen an den Tie Break ass ëmmer eng Lotterie, all Punkt ass zwee Mol sou vill wäert an zum Schluss sinn ech et dës Kéier.", sou de Christophe Nickels nom Match, fir deen et um Enn déi éischte Kéier war, datt hie sech an de Palmarès vun den FLT Masters konnt androen.