E Méindeg den Owend ass et fir d'Rout Léiwen am leschte Match vun der Nations-League-Qualifikatioun géint d'Gäscht vun der Insel aus Nordirland gaangen.

E Méindegowend sollt et am Match tëscht Lëtzebuerg an Nordirland kee Gewënner ginn. No enger ganz schwaacher Leeschtung loungen d'Lëtzebuerger no 50 Minutten 0:2 hannen, ier se sech awer nach erkritt a selwer zwee Goler markéiert hunn. Um Enn hu sech béid Formatioune mat engem 2:2 getrennt. Am anere Match am Grupp gouf et iwwerdeems och kee Gewënner. Bulgarien a Belarus trenne sech 1:1, soudatt d'Nordiren d'Grupp gewannen a Lëtzebuerg d'Grupp op der leschter Plaz ofschléisst.

Lëtzebuerg-Nordirland / Reportage Serge Olmo

D'Reaktiounen nom Match

De Resumé vum Match

RTL

© Steven Milbert

D'Spectateure kruten e Match ze gesinn, an deem sech béid Formatiounen an der Ufanksphas nach zréckgehalen hunn. Nëmme ganz seelen huet sech eng Ekipp no vir getraut. Mä et waren awer d'Lëtzebuerger, déi déi éischt nennenswäert Chance haten. Dëst duerch de Gerson Rodrigues an der 13. Minutt: De Mica Pinto huet sech op der Mëttellinn de Ball erkämpft, andeems hien e séiere Konter ënnerbanne konnt. Doropshi spillt hien de Ball op de Gerson Rodrigues, deen net laang zéckt an direkt ofschléisst. Säi Schoss konnt den nordiresche Golkipp allerdéngs halen. Duerno sinn d'Gäscht awer ëmmer méi aktiv ginn a si selwer e puer Mol virum Lëtzebuergesche Gol opgedaucht. Esou haten d'Rout Léiwe Chance, datt an der 18. Minutt keen nordiresche Spiller un de Ball komm ass, nodeems sech de Galbraith schéin duerchgesat an de Ball an d'Mëtt gespillt huet. Allerdéngs louch de Ball eng Minutt drop dunn awer am Gol vun de Lëtzebuerger: Et war de Price, deen no enger schéiner Viraarbecht vum Charles de Ball zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol vum Pereira ënnerbrénge konnt.

De 1:0 fir d'Nordire sollt an der 19. Minutt falen
Et war de Price, dee fir seng Faarwe markéiere konnt

Duerno hunn d'Nordiren de Match geréiert, soudatt si wéineg hannen zougelooss a sech awer e puer Chancë kreéiert hunn. D'Lëtzebuerger sinn iwwerdeems an der éischter Hallschent just nach eng Kéier geféierlech ginn. An der 29. Minutt war et de Gerson Rodrigues, dee mat sengem Noschoss de géigneresche Gol knapps net getraff huet. Wou déi meescht Spectateure wuel schonn ënnerwee op de Gedrénksstand waren, sinn d'Nordiren awer nach eng Kéier geféierlech ginn. Mä d'Léiwen hate Gléck, datt de Price komplett fräistoend de Ball net getraff huet, soss wier et wuel mat engem 2:0-Retard fir d'Lëtzebuerger op den Téi gaangen. Sou stoung et aus Lëtzebuerger Siicht just 0:1 an alles war nach dran.

Nom Téi huet et denkbar schlecht fir d'Lëtzebuerger ugefaangen. Nëmme 5 Minutten huet et gedauert, ier datt de Ball fir eng zweete Kéier am Filet vun de Lëtzebuerger loung: Eng laang Flank vun den Nordiren ass an de Strofraum geflunn, wou de Bradley am héchste spréngt a mam Kapp un de Ball kënnt. Hie kritt net vill Drock hannert de Ball, soudatt de Pereira dësen eigentlech opfänke misst, allerdéngs leescht dëse sech genee an deem Ament e Lapsus, soudatt de Ball op eng komesch Aart a Weis an de Gol rullt an de Pereira dëse Géigegol wuel oder iwwel op seng Kap huele muss.

Duerch e Feeler vum Pereira sollt den 2:0 falen
De Bradley konnt an der 50. Minutt de Score erhéijen

D'Lëtzebuerger hunn doropshin onsécher gewierkt an hunn den Nordiren nach méi Raum ginn, fir hiert Spill opzezéien. An der 61. Minutt sollten dës du bal op en Néits vun engem Lapsus vum Pereira am Lëtzebuerger Gol profitéieren. Allerdéngs konnten d'Léiwen, wann och mat Krämpes, d'Situatioun entschäerfen, soudatt et beim 0:2 bliwwen ass. D'Lëtzebuerger si ferm geschwommen a kënne vu Chance schwätzen, datt de Bradley no enger schaarfer Flank an der 65. Minutt de Score net op 3:0 fir d'Nordire gestallt huet. Et huet alles no enger klorer Defaite fir d'Léiwen ausgesinn. Awer de Korac sollt eis an der 72. Minutt Lige strofen. Aus dem Näischt konnt dësen op 1:2 verkierzen, nodeems dëse vum Sinani, deen e Fräistouss an de Strofraum geschloen huet, an Zeen gesat gouf a sengersäits vun engem Feeler vum nordiresche Golkipp profitéiere konnt.

Aus dem Näischt konnt de Korac an der 72. Minutt verkierzen
Et stoung op eemol just nach 1:2

Nëmmen dräi Minutten drop sollt de Match du komplett verréckt ginn. Lëtzebuerg konnt de Score duerch e fulminante Schoss vum Gerson Rodrigues egaliséieren, soudatt et 2:2 stoung an et nees en oppene Match war.

Dräi Minutten drop loung de Ball nees am nordiresche Gol
De Gerson Rodrigues konnt de Score mat sengem Schoss egaliséieren

No dësem Gol war et e wëlle Match. Béid Ekippen hu sech nach Chancen erausgespillt an haten d'Méiglechkeet, den drëtte Gol ze schéissen. Béid Defensereien hu sech och nach eng sëllege Feeler erlaabt. Allerdéngs konnt keng Ekipp dorausser Kapital schloen, weder de Moreira no engem Ofstëmmungsfeeler bei den Nordiren, nach de Reid, no engem Lapsus vum Schon, dee fir de Pereira agewiesselt ginn ass. Mä um Enn sollt kee Gol méi falen, soudatt et mat engem 2:2 ënnert d'Dusch gaangen ass.

D'Highlights vum Match tëscht Lëtzebuerg an Nordirland
Um Enn sollt de Match 2:2 ausgoen

Bulgarien - Belarus 1:1

1:0 Panayotov (12'), 1:1 Kovalev (70')

Liga A - Grupp 1

Kroatien - Portugal 1:1

0:1 Joao Felix (33'), 1:1 Gvardiol (65')

Polen - Schottland 1:2

0:1 Mc Ginn (3'), 1:1 Piatkowski (59'), 1:2 Robertson (90'+3)

Liga A - Grupp 4

Spuenien  - Schwäiz 3:2

1:0 Yeremy (32'), 1:1 Joel Monteiro (63'), 2:1 Bryan (68'), 2:2 Zeqiri (85', Eelefmeter), 3:2 Zaragoza (90'+3, Eelefmeter)

Serbien - Dänemark 0:0

Liga C - Grupp 2

Rumänien - Zypern 4:1

1:0 Birligea (2'), 2:0 Marin (41'), 2:1 Pittas (52'), 3:1 Marin (80'), 4:1 Coman (83')

Kosovo - Litauen 1:0

1:0 Jashari (5')

Liga D - Grupp 1

Liechtenstein - San Marino 1:3

1:0 Sele (40'), 1:1 Lazzari (46'), 1:2 Nanni (66', Eelefmeter), 1:3 Golinucci (76')

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen