En Dënschdeg den Owend sinn an der Nations League déi lescht Matcher vun der Gruppephas gespillt ginn.

An der Liga A am Grupp 3 hunn Däitschland an Holland eng ganz Rei Stammspiller geschount, well béid scho fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert waren. An Ungarn hunn déi Däitsch sech gréisstendeels schwéier gedoen, geféierlech virun de Gol ze kommen. D'Ungare ware gutt organiséiert a sinn duerch däitsch Ballverloschter ëmmer nees zu villverspriechenden Aktioune komm. An der Schlussphas war et fir d'éischt e Corner, deen zum Gol vum Nmecha gefouert huet, ier de Szoboszlai mat der leschter Aktioun vum Match aus 11 Meter ausgeglach huet. An enger roueger Partie tëscht Bosnien-Herzegowina an Holland hunn d'Kappbäll vu Brobbey an Demirovic iwwerdeems och fir en 1:1 gesuergt.

Méi spannend war et an de leschte Matcher vun der Liga B. Am Grupp 1 louch d'Ukrain géint Albanien schonn no 10 Minutten mat zwee Goler a Féierung. De Bajrami huet mat sengem Eelefmeter nach fir eng animéiert Schlussphas gesuergt, et sollt awer bei der knapper Heemnéierlag bleiwen. Donieft huet Tschechien sech duerch Goler vu Sulc a Hlozek géint Georgien behaapt a sech domadder och den Opstig a Liga A geséchert. Albanien muss dogéint an d'Liga C.

Am Grupp 4 huet Wales no fréiem Réckstand d'Partie géint Island gedréint an um Enn mat 4:1 gewonnen. Am zweete Match konnt Montenegro sech duerch dräi Goler vum Krstovic iwwerraschend mat 3:1 géint d'Tierkei duerchsetzen. Et waren déi éischt 3 Punkte fir Montenegro, déi allerdéngs scho virun der Partie ofgestige waren. D'Tierkei huet awer seng 1. Plaz u Wales verluer a muss an de Playoff ëm den Opstig an d'Liga A.

Am Grupp 1 vun der Liga C stoungen d'Placéierunge scho virum Spilldag fest, déi däitlech 0:6-Defaite vum Aserbaidschan a Schweden huet allerdéngs Auswierkungen op d'Rout Léiwen. Lëtzebuerg ass domat nämlech den zweetbeschte Gruppeleschten an der Liga C a steigt net direkt an d'Liga D of. Am Mäerz kann d'FLF-Formatioun den Ofstig an zwou Playoff-Partien géint ee vun de Gruppenzweeten aus Liga D verhënneren. De Géigner, deen entweder Gibraltar oder Malta heescht, gëtt e Freideg ausgeloust.

Liga A, Grupp 3

Bosnien-Herzegowina - Holland 1:1

0:1 Brobbey (24'), 1:1 Demirovic (67')

Ungarn - Däitschland 1:1

0:1 Nmecha (76'), 1:1 Szoboszlai (90+9')

Liga B, Grupp 1

Albanien - Ukrain 1:2

0:1 Zinchenko (5'), 0:2 Yaremchuk (10'), 1:2 Bajrami (75', Eelefmeter)

Tschechien - Georgien 2:1

1:0 Sulc (3'), 2:0 Hlozek (24'), 2:1 Mikautadze (60')

Liga B, Grupp 4

Montenegro - Tierkei 3:1

1:0 Krstovic (29'), 1:1 Yildiz (37'), 2:1 Krstovic (45'), 3:1 Krstovic (73')

Wales - Island 4:1

0:1 Gudjohnsen (8'), 1:1 Cullen (32'), 2:1 Cullen (45+1'), 3:1 Johnson (65'), 4:1 Wilson (79')

Liga C, Grupp 1

Slowakei - Estland 1:0

1:0 Strelec (72')

Schweden - Aserbaidschan6:0
1:0 Kulusevski (10'), 2:0 Gyökeres (26'), 3:0 Gyökeres (37'), 4:0 Kulusevski (57'), 5:0 Gyökeres (58'), 6:0 Gyökeres (70')

Liga D, Grupp 2

Malta - Andorra 0:0

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen