Claude Lamberty: "Wa mer elo géint Litauen wannen, si mer am Weltgrupp 1"

© RTL
Dës Woch ass de Claude Lamberty Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
De President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun freet sech schonn op d’Partie am Davis Cup am Februar géint Litauen. D’Ekipp vum Kapitän Gilles Muller spillt an der Coque an hofft an de Weltgrupp 1 opzesteigen. Donieft kënnt de Chris Rodesch op der Profitour ëmmer besser an d’Rullen, wat déi Responsabel vun der Federatioun natierlech freet. Bei den Damme leien d’Hoffnungen um Marie Weckerle, an och nees um Eleonora Molinaro, déi virun enger Woch d’FLT-Masters gewonnen huet.
Déi International Tennisfederatioun ITF huet op hirem leschte Kongress decidéiert, datt de Coaching vun der nächster Saison un erlaabt ass. De Claude Lamberty, deen elo zanter 10 Joer un der Spëtzt vun der FLT steet, wëll déi national Federatioun weider professionaliséieren. D’Tennisfederatioun gouf nieft der Liichtathletikfederatioun erausgesicht, fir an engem Pilotprojet en Directeur Général anzestellen, souzesoen, en haaptberuffleche Generalsekretär. Nieft dem klasseschen Tennis geréiert d’FLT och Padel a Pickleball, déi ëmmer méi beléift ginn.