Lëtzebuerg spillt am Februar am Gymnase vun der Coque
© AFP
D'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp spillt den 1. an 2. Februar géint Litauen, fir an de Weltgrupp 1 opzesteigen.
D'Partië vun der FLT-Formatioun goufen an der Lescht, wann d'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller heiheem gespillt huet, bal ëmmer am nationalen Tenniszenter zu Esch organiséiert. Fir de Match géint Litauen geet et awer op de Kierchbierg, wéi de Claude Lamberty, de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun, an eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk" verroden huet.
"Eng besser Reklamm fir den Tennissport gëtt et net. A mir hunn eis do och, wann ech dat dann haut dierf esou verroden, mir wäerten net an eiser Stuff zu Esch spillen, mee mir wäerten an d'Stuff hei an d'Stad kommen, mir wäerten an der Coque spillen. Dat huet éischtens mat der Weltgrupp 1 ze dinn, mat den Ufuerderungen, déi et do gëtt. Mee et huet awer och domat ze dinn, dass d'Coque en herrleche Kader duerstellt, wou mer eng extreem gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport hunn, fir dass mer och méiglechst vill Leit an de Gymnase wäerte kréien, dass mer do eng richteg Hexenkesselstëmmung kréien, fir eis Ekipp ze pushen, well et gëtt en extreem wichtege Match, en extreem flotte Match. Mir freeën eis drop. A wéi gesot, wann de Chris Rodesch esou weiderfiert, dann ass et dee beschten Ambassadeur, dass méiglechst ganz vill Leit eis Ekipp ënnerstëtze kommen."
De Rendez-vous vun der Partie am Tennis Davis Cup tëscht Lëtzebuerg a Litauen, fir an de Weltgrupp 1 opzesteigen, ass also den 1. an 2 Februar am Gymnase vun der Coque. De Chris Rodesch, d'Lëtzebuerger Nummer 1, huet an de leschten 3 Méint e Sprong vu ronn 400 Plazen an der Tennis-Weltranglëscht gemaach a steet elo op der 305.