Zum Optakt vum 5. Spilldag an der Champions-League-Gruppephas ass et zum Top-Match tëscht Bayern a Paräis komm. Um Enn konnt sech d'Lokalekipp behaapten.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

An engem Match, dee virun allem an der zweeter Hallschent villes schëlleg bliwwen ass, konnte sech um Enn d'Bayern mat 1:0 géint d'Gäscht vu Paräis behaapten. De Gol vum Kim an der 38. Minutt sollt duergoen, fir déi dräi Punkten zu München ze halen.

Héich Victoirë gouf et iwwerdeems fir Leverkusen, Arsenal, Bergamo an den Atletico vu Madrid, déi mat hire respektive Géigner kuerze Prozess gemaach an dës wuertwiertlech iwwerrannt hunn.

Manchester City, wat den Ament an enger klenger Kris stécht, kënnt no enger 3:0-Avance doheem net iwwert en 3:3 géint Feyenoord Rotterdam eraus. Barcelona ka sech mat 3:0 géint d'Iwwerraschungsekipp vu Brest duerchsetzen.

Fir RB Leipzig gëtt et donieft och am fënnefte Match an der Champions-League-Gruppephas keng Punkten ze rafen. Och am fënnefte Match musse si sech geschloe ginn an dëst mat 0:1 géint den Inter vu Mailand. Dat nämmlecht trëfft och op Bratislava zou. D'Männer aus der Slowakei verléiere mat 2:3 géint den AC Mailand.

Bayern München - PSG 1:0
1:0 Kim (38')

D'Spectateure kruten eng éischt 45 Minutten ze gesinn, an deene béid Formatioune probéiert hunn, en anstännegen a proppere Futtball ze spillen. Allebéid hu se den direkte Wee no vir gesicht an deementspriechend goufen et och eng sëllege Golchancen am Match. Et waren awer d'Bayern, déi am Ufank vum Match déi méi kloer Aktiounen haten. Esou ass de Musiala schonn an der 7. Minutt, nodeems dëse schéi vum Kimmich an Zeen gesat gouf, fräi virum Paräisser Golkipp opgedaucht. Am direkten Duell konnt de Safonov awer de Vainqueur géint de Musiala bleiwen. An der 12. Minutt war et dunn de Sané, dee säi Gléck mat engem Schoss probéiert huet, mä op en Neits konnt de Safonov d'Situatioun entschäerfen. An der 28. Minutt haten du scho vill Bayern-Supporteren de Ball am Gol gesinn, allerdéngs konnt de Coman de Ball, nodeems hien eng sëllege Géigespiller mat sengem Solo stoe gelooss huet, net cadréieren, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. De PSG ass iwwerdeems an der 29. Minutt fir déi éischte Kéier geféierlech virum Gol vun der Lokalekipp opgedaucht. Allerdéngs huet de Zaïre-Emery de Ball no enger schéiner Viraarbecht vum Fabian net richteg getraff, soudatt et och hei zu kengem Gol komm ass. Dee sollt réischt an der 38. Minutt falen an zwar fir d'Lokalekipp. No engem Corner koum de Kim onbedrängt am Paräisser Strofraum zum Kappball a konnt de Ball schlussendlech mam Kapp am Gol ënnerbréngen an de Score domadder op 1:0 setzen. Dobäi kënnen d'Bayern an dëser Situatioun dem Paräisser Golkipp Merci soen, dee beim Corner net gutt ausgesinn huet an de Ball fir de Kim gewëssermoossen opgeluecht huet. D'Bayern haten zwar an der 41. Minutt nach duerch de Coman d'Méiglechkeet, fir op 2:0 ze erhéijen, mä dem Coman säi Schoss sollt de Wee net an de Gol fannen, soudatt béid Ekippe mat engem 1:0 op den Téi geschéckt goufen.

Den 1:0 fir d'Münchener Bayern
De Kim konnt an der 38. Minutt fir seng Faarwen treffen.

Nom Téi huet de PSG vun Ufank un op den Ausgläich gedréckt an huet deemno probéiert, fir d'Bayern héich sichen ze goen. Allerdéngs huet den Dembelé dëse Projet scho fréi gestéiert, andeems hie sech an der 56. Minutt déi zweete giel Kaart siche gaangen an domadder verbonne vum Terrain geflunn ass. An Iwwerzuel huet d'Lokalekipp d'Heft an d'Hand geholl an huet dem Match nees de Stempel opgedréckt. Esou sinn d'Bayern an der 67. Minutt och zu enger gudder Chance komm, mä de Coman konnt, no schéiner Virlag vum Kane, de Ball net op de Gol bréngen, soudatt dësen iwwert d'Lat ewechgeflunn ass. An der 74. Minutt huet de Safonov am Paräisser Gol seng Faarwe mat enger sensationeller Parad am Spill gehalen: E sate souwéi gutt placéierte Schoss vum Musiala konnt de Russ esou just mat senge Fangerspëtzen op de Potto deviéieren, soudatt en d'Virentscheedung verhënnere konnt an et bei engem 0:1 aus Paräisser Siicht bliwwen ass. Vum PSG ass an dëser Phas vum Match net vill komm. Et huet ee gemierkt, datt d'Spiller midd waren an datt se mat der Situatioun ze kämpfen haten, just nach mat 10 Mann um Terrain ze stoen. Allerdéngs sinn d'Fransousen, nodeems gewiesselt gouf, nees eng Grëtz méi geféierlech ginn. Mä d'Tentativë vun Hakimi, Asensio a Co. hunn den Neuer ni esou richteg a Gefor bruecht. Um Enn sollt kee weidere Gol méi falen, soudatt de Match mat 1:0 op en Enn geet an d'Bayern sech iwwert eng weider Victoire freeë kënnen.

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Bayern an dem PSG
Um Enn gewënnt Bayern knapps an awer verdéngt mat 1:0 géint d'Fransouse vu Paräis.

Slovan Bratislava - AC Mailand 2:3
0:1 Pulisic (21'), 1:1 Barseghyan (24'), 1:2 Rafael Leao (68'), 1:3 Abraham (71'), 2:3 Marcelli (88')

Sparta Prag - Atletico Madrid 0:6
0:1 Alvarez (15'), 0:2 Llorente (43'), 0:3 Alvarez (59'), 0:4 Griezmann (70'). 0:5 Correa (85'), 0:6 Correa (89')

D'Resuméë vun de Matcher Bratislava - AC Mailand a Prag - Atletico Madrid
Mailand setzt sech knapps mat 3:2 duerch, wougéint Prag doheem géint den Atletico ënnergeet.

Inter Mailand - RB Leipzig 1:0
1:0 Lukeba (27', Eegegol)

Manchester City - Feyenoord Rotterdam 3:3
1:0 Haaland (44', Eelefmeter), 2:0 Gündogan (50'), 3:0 Haaland (53'), 3:1 Hadj Moussa (75'), 3:2 Gimenez (82'), 3:3 Hancko (89')

D'Resuméë vun de Matcher Manchester City - Rotterdam an Inter - Leipzig
Inter wënnt mat 1:0 géint Leipzig a City verspillt eng 3:0-Avance géint d'Hollänner vu Rotterdam.

Sporting Lissabon - Arsenal 1:5
0:1 Martinelli (7'), 0:2 Havertz (22'), 0:3 Gabriel (45'+1), 1:3 Goncalo Inacio (47'), 1:4 Saka (65', Eelefmeter), 1:5 Trossard (82')

De Resumé vum Match tëscht dem Sporting an Arsenal
No 90 Minutte ka sech Arsenal kloer géint de Sporting vu Lissabon duerchsetzen.

Young Boys Bern - Atalanta Bergamo 1:6
0:1 Retegui (9'), 1:1 Ganvoula (11'), 1:2 von Ballmoos (28', Eegegol), 1:3 Kolasinac (31'), 1:4 Retegui (39'), 1:5 de Ketelaere (56'), 1:6 Samardzic

Barcelona - Stade Brest 3:0
1:0 Lewandowski (10', Eelefmeter), 2:0 Dani Olmo (66'), 3:0 Lewandowski (90'+2, Eelefmeter)

Bayer Leverkusen - RB Salzburg 5:0
1:0 Wirtz (8', Eelefmeter), 2:0 Grimaldo (11'), 3:0 Wirtz (30'), 4:0 Schick (61'), 5:0 Aleix Garcia (72')

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.