Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Jim Mayer: "Vum Niveau hier si mir guer net esou wäit ewech"

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer beim Sam Rickal op Besuch.
An deene meeschte Sportaarte ass geschwë Wanterpaus, ausser am Darts. E Sonndeg fänkt am Alexandra Palace zu London d’Darts-Weltmeeschterschaft un. Gesicht gëtt de Successeur vum Luke Humphries. Beim Sam Rickal huet de Jim Mayer ee Bléck op d’WM no vir gehäit. Donieft huet den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion erkläert, wéi den Darts-Sport am Grand-Duché opgebaut ass a wéi et ass, op internationalen Turnéieren ze spillen.
Déi ganz Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent” fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.
Podcast Drëtt Hallschent Episod 174: Jim Mayer
Am meeschte gelies