D'Schweedin gewënnt de Riseslalom zu Kranjska Gora. Bei de Männer gëtt et Neiegkeete vum Fransous Cyprien Sarrazin no sengem schwéieren Trainingsaccident.

Am Schi alpin waren d'Dammen zu Kranjska Gora am Riseslalom am Asaz. Op der äiseger Pist a Slowenien huet d'Schweedin Sara Hector d'Konkurrenz dominéiert a gewënnt mat enger däitlecher Avance vun 1,42 Sekonne virum groussen Talent Lara Colturi. D'Albanerin, déi eréischt 18 Joer al ass, konnt sech mat engem staarken zweete Laf op de Podium no vir schaffen a louch 0,10 Sekonne virun der Drëttplacéierter Alice Robinson aus Neiséiland. D'Julia Scheib huet sech och am zweeten Duerchgang mat enger staarker Zäit no vir geschafft a koum virun de Grandë Sofia Goggia a Lara Gut-Behrami op d'Plaz 4.

Am Männerberäich ass et d'Noricht, dass de Cyprien Sarrazin no sengem schwéieren Trainingsstuerz de 27. Dezember zu Bormio um Wee vun der Besserung ass. De Fransous huet missen noutoperéiert ginn a kämpft nach mat den Nowierkungen. Ënner anerem gesäit hien alles duebel an d'Reflexer vu sengen Ae si wéinst dem Iwwerdrock am Kapp gestéiert. Fir hien ass d'Saison eriwwer. Et kann och net gesot ginn, ob de Sarrazin iwwerhaapt nach eng Kéier professionell Schi fuere kann.

Bei der Véierschanzentournée am Schisprangen huet sech de Stefan Kraft d'Victoire zu Innsbruck geséchert.