Daniel Tschofenig wënnt Schlussklassement no dramatescher Finall

© AFP
Den Éisträicher huet sech an engem spannenden zweeten Duerchgang nach viru säi Landsmann Stefan Kraft un d'Spëtzt gesat.
E Méindeg ass op der Paul-Außerleitner-Schanze am éisträichesche Bischofshofen d'Decisioun bei der Véierschanzentournée gefall. D'Dagesvictoire ass no zwee Duerchgäng un den Daniel Tschofenig gaangen, dee sech domat och de prestigiéise Gëllenen Adler fir den Titel am Schlussklassement geséchert huet.
Virum leschte Sprange konnt d'Ausgankssituatioun am Generalklassement bal net méi spannend sinn. Un der Spëtzt louch den éisträicheschen Trio Kraft, Hörl an Tschofenig nämlech nëmmen 1.30 Punkten auserneen. Am éischten Duerchgang konnt de Stefan Kraft eng weider Kéier seng Stäerkt beweisen a war hei mat 154,8 Punkten op déi éischt Plaz gesprongen, dat virum Maximilian Ortner (153,4) an dem Jan Hörl (152,7).
Fir den zweeten Duerchgang konnt de Stefan Kraft dann awer seng Leeschtung net eng weider Kéier confirméieren. Laang huet hien uewen als leschte Sprénger gewaart, bis datt d'Luucht op Gréng gespronge war an huet d'Victoire duerno awer nach aus der Hand ginn. Sou stoung um Enn den Daniel Tschofenig mat 308,60 Punkten op der 1. Plaz, dat virum Jan Hörl (306,50) an dem Stefan Kraft (303,20), a séchert sech domat gläichzäiteg d'Victoire am Schlussklassement.