An der éischter Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” am neie Joer ass traditionell de Sportminister op Besuch.

De Georges Mischo huet am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer op d‘Olympesch Spiller zu Paräis zeréckgekuckt a wat et a Punkto Inclusioun bedeit, datt den Tom Habscheid op de Paralympics Bronze gewonnen huet. Et geet awer och drëms, wéi ee Stellewäert d‘Spiller vun de klenge Länner nach hunn a wéi een an Zukunft den nächste Schratt am Spëtzesport ka maachen. Donieft seet de Georges Mischo, datt de Poste vum "Coordinateur Sportif" net genuch genotzt gëtt an datt de Secteur Sport an der Kris wier, wat de Benevolat ugeet, well dëse schonns wäit iwwer d'Limitten eraus wier. Nieft engem erhéichte Budget soll och weider dru geschafft ginn, fir d‘Sportsinfrastrukturen hei am Land optimal ze notzen.

Déi ganz Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent” fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 176: Georges Mischo