Bei der Gewerbeinspektioun si fënnef Plainten erakomm, well de Swift Hesper iwwer e puer Méint keng Salairë soll bezuelt hunn.

An zwee Fäll gouf et dowéinst eng Strof vun am ganze 4.000 Euro. Zwee Dossiere ginn nach traitéiert an an engem Fall waren déi néideg Krittären net all erfëllt. Dat äntwert de Sportminister Mischo op eng parlamentaresch Fro vun Déi Lénk.

De Futtballmatch Swift géint Munneref um 14. Spilldag gouf jo ofgesot, well d'Spiller vun Hesper gestreikt hunn, well si net bezuelt gi wieren. D'Partie gouf nodréiglech mat 3:0 Forfait fir Munneref gewäert.