Samy Picard äussert sech zu Virfall bei U14-Basketsmatch

Zanter en Dënschdeg ass eng Affär public, an där een U14-Basketballtrainer vu Walfer, vun engem Spiller vun Zolwer sengem Papp, aggresséiert gouf.
No engem Communiqué vun e Mëttwoch, stoung en Donneschdeg de President vun der FLBB, de Samy Picard, dem Rich Simon Ried an Äntwert, wéi d'Basketfederatioun mat där traureger Geschicht ëmgeet a wéi den Dossier elo weider traitéiert gëtt.
Involvéiert an dësem Tëschefall waren nieft dem Trainer vu Walfer, e Spiller vun Zolwer an deem säi Papp. De Conseil, dee sech dëser Affär elo unhëlt, krut vun all Partei hir Temoignagen duergeluecht, elo mussen dës analyséiert ginn.
"Elo hëlt dat natierlech dee Wee, wou ubruecht ass, dass dat virun eisen Tribunal fédéral geet oder déi néideg Konsequenze wäerte gezu ginn", esou de Samy Picard.
Et hätt een elo nach kee geneeën Datum, wéini dat wäert sinn.
Op d'Fro, ob eppes un der Rumeur dru wier, datt de Walfer Trainer scho 5 Matcher op Sursis eng Strof krut, huet den FLBB-President geäntwert:
"Ech weess net auswenneg, wéi vill Matcher et genau waren, mä, wann ech richteg am Bild sinn, da gëtt et och do schonn eng Virgeschicht bei deem Trainer."