Chris Rodesch: "De Gilles Muller ass eng Inspiratioun fir mech"

An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Chris Rodesch Invité.
Den 23 Joer alen Tennisspiller ass aktuell d'Lëtzebuerger Nummer 1. Am ATP-Ranking steet de Rodesch op der Plaz 280, dat ass bis elo säi beschte Klassement an der Tennis-Weltranglëscht. Den Davis-Cup-Spiller ass no senger Universitéitszäit an den USA, wou hie mat sengem College vun Virginia zweemol Champion gouf, lo zanter déck 6 Méint op der Profi-Tour ënnerwee, stoung am November beim Challenger zu Drummondville a Kanada an der Finall an huet sech an där Zäit ronn 500 Positiounen an deem ATP-Ranking verbessert.
Dës Woch sinn déi bescht Lëtzebuerger Tennispiller, dorënner och de Chris Rodesch, beim ITF-Tournoi zu Esch am CNT am Asaz. Dësen Tournoi ass bei den Häre virun allem eng optimal Preparatioun op déi wichteg Renconter am Davis Cup den 1. an 2. Februar am Gymnase vun der Coque géint Litauen. Et geet drëms, an de Weltgrupp 1, déi héchst Divisioun op der Welt am Ekippentennis, opzesteigen.
D'Zil vum Chris Rodesch ass et, säin Tennis permanent ze verbesseren an dann esou vill wéi méiglech Tournoien ze gewannen. D'Top 50 an der Weltranglëscht ginn uviséiert, ouni sech awer onnéidegen Drock ze maachen. Den Tennisspiller hofft et lo am Mee zu Roland Garros, dem 2. Grand Slam Tournoi vun der Saison, bis an den Haapttableau ze packen. Seng léifste Surface ass Hard Court, am spéide Fréijoer op Wues ze spillen, gëtt dann eng nei Erfarung fir de Chris Rodesch.