De leschte Weekend stoung ganz vill Basket um Programm. Nieft den Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg an der Coque waren och d’Luxrollers am Asaz. 

Um 10. Spilldag an der drëtter däitscher Liga hate si e Sonndeg net nëmmen Köln an Heidelberg bei sech op Besuch, mee si konnte sech och iwwert d’Ënnerstëtzung vum Grand-Duc Henri an der Grand-Duchesse Maria Theresa freeën.
Am Rehazenter um Kierchbierg stoungen zwee Matcher um Programm. Deen éischten hat d’Ekipp vum Trainer Werner Briesch 59:47 géint Köln gewonnen. Ënnert den Ae vun der groussherzoglecher Koppel gouf et dunn awer an der zweeter Partie eng 50:56-Defaite géint Heidelberg. Trotzdeem war et een Dag, deen d’Lux Roller warscheinlech sou séier net wäerte vergiessen.

Philippe Faber – Lux Rollers: "Ech mengen, datt méi Emotiounen dra ware wéi soss. Et wollt ee sech natierlech vun senger beschter Säit weisen. Mëttes géint Heidelberg hu mer eis gutt druginn. Zum Schluss ass eis awer leider zum den Otem ausgaangen, sou datt mir de Match net fir eis konnten entscheeden."

Et kann ee schonn soen, datt d’Lux Rollers eng Multi-Kulti-Ekipp sinn. Dat souwuel vum Grad vun hire kierperlechen Aschränkungen hier wéi och vun den Nationalitéiten. De Gros vun de Spiller kënnt aus der Grenzregioun. Op Säiten vun de Lux Rollers bedauert een, datt net méi Spiller aus dem Grand-Duché an der Ekipp matspillen. An awer ginn et och do Méiglechkeeten.

Raymond Schintgen – President Lux Rollers: "U wat hänkt et? Ass dat elo, well et déi leschte Joren eebe méi Para-Sportaarte ginn, wou d'Leit sech dann villäicht éischter erëmfannen, wéi elo am Rollstull-Basket. Villäicht misste mir eng Kéier mam Rehazenter kucken fir déi Leit, déi hei nach an der Reeducatioun sinn, fir déi villäicht ze treffen, ze kucken a villäicht do een oder anere Spiller nach dobäi ze kréien."

De Para-Sport zu Lëtzebuerg ass an deenen leschten Joren ëmmer méi grouss ginn. Ëmmer méi Para-Sportaarte ginn ugebueden. Dat awer och e bëssen zum Nodeel vun de Lux Rollers. Ëm sou méi wichteg ass de Support vum Sportsministère.

"Virun allem de Rollstull-Basket ass eng Sportaart ginn, déi e bëssen an den Hannergrond geréckelt ass déi lescht Joren. Et sinn nach aner Sportaarten dobäi komm. Mee mir versichen, zesummen eisen Deel dozou bäi ze droen. Ech hoffen och, datt de Ministère elo matzitt. Et sinn déi leschte Méint Gespréicher gefouert ginn, déi waren och ganz positiv."

D’Zil vun de Lux Rollers ass, um Enn vun der Saison Zweeten an der däitscher Regionalliga 3 ze ginn. Dofir muss dann awer och um nächsten Spilldag Ufank Februar zu Wiesbaden gepunkt ginn.