Vun e Freideg u geet et fir si an der Haaptronn ëm d'Qualifikatioun fir d'EM.

D'FLTT-Hären hu sech en Donneschdeg zu Sarajewo a Bosnien-Herzegowina fir d'Haaptronn vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert. Duerch d'Victoire géint Grönland huet d'Ekipp vum Ryan Jenkins den Ticket geléist a wäert elo an der nächster Ronn an engem Véierergrupp ëm d'Qualifikatioun kämpfen. Nëmmen de Gruppenéischte kann den Ticket direkt léisen. Vun e Freideg u wäerten d'Lëtzebuerger géint d'Tierkei, Island a Griichenland untrieden.

En Donneschdeg waren den Gene Wantz, de Loris Stephany an de Luca Elsen géint Grönland am Asaz. Si hunn hir Géigner all Kéier mat 3:0 geklappt.

De Spillplang vun der Haaptronn

24.01.2025 12.30 Auer: Lëtzebuerg - Tierkei
24.01.2025 19.30 Auer: Lëtzebuerg - Griichenland
25.01.2025 12.30 Auer: Lëtzebuerg - Island