E Samschdeg de Moie gouf bei den Australian Open d'Finall vun den Damme gespillt. Hei stounge sech d'Aryna Sabalenka an d'Madison Keys géigeniwwer.

D‘Spillerin aus Belarus Aryna Sabalenka war déi grouss Favoritin, si ass d‘Nummer 1 vun der Welt an Titelverdeedegerin, iwwerdeems d'US-Amerikanerin Madison Keys endlech hiren éischte Grand Slam gewanne wollt. D'Madison Keys huet dann och am éischte Saz richteg gudden Tennis gespillt an huet dëse mat 6:3 fir sech entscheet.

D'Australian-Open-Gewënnerin vun 2023 an 2024 huet sech awer an de Match zeréckgekämpft an huet den zweete Saz mat 6:2 fir sech entscheet. Eng Decisioun sollt also eréischt am 3. an decisive Saz falen an an deem blouf et spannend bis zum Schluss. D'Madison Keys huet dëse mat 7:5 gewonnen an domat och hiren éischte Grand-Slam-Titel an hirer Karriär.