T71 wënnt no duebeler Verlängerung, Etzella séchert sech éischt Plaz

© Shari Schenten
Um Sonndeg gouf an der Enovos League vun den Hären de kompletten 19. Spilldag gespillt.
De Leader Etzella Ettelbréck wënnt kloer mat 120:77 géint den Opsteiger Munneref a séchert sech domat déi éischt Plaz an der Tabell virum Optakt vum Play-off an e puer Wochen. Insgesamt 18 Dräier huet d'Lokalekipp bei der däitlecher Victoire getraff, de Quatarrius Wilson hat um Enn 35 Punkten um Kont stoen.
Den T71 Diddeleng klappt den AB Conter 106:102 a steet domat weiderhin eleng op der zweeter Plaz an der Tabell. Dëse Match gouf eréischt no duebeler Verlängerung an domat 50 Spillminutten entscheet. Kuriéis an hektesch kann een déi lescht Spillminutten duerchaus beschreiwen. Déi zwee Diddelenger Profispiller Randolph a Colbert, déi zesummen 81 Punkte geworf hunn, souzen an der zweeter Verlängerung op eemol mat 5 Feeler op der Bänk. D'Lokalekipp huet et awer fäerdeg bruecht, e klenge Virsprong bis zur Schlusssireen ze geréieren.
D'Amicale Steesel setzt sech no engem ëmkämpften Derby mat 78:70 géint d'Résidence Walfer duerch. D'Gäscht hate just ee Profispiller am Kader. De Jarvis Williams hat mat 22 Punkten déi meeschten um perséinleche Kont fir d'Lokalekipp.
Play-off-Ekippe si bekannt
Och wann d'Sparta Bartreng auswäerts mat 78:89 géint de Basket Esch verluer huet, steet d'Ekipp elo definitiv am Play-off. D'Partie war ausgeglach bis an de leschte Véierel, hei konnt sech d'Lokalekipp allerdéngs lues a lues ofsetzen. 5 Escher Spiller konnte mindestens 10 Punkte markéieren, de Clancy Rugg hat mat 27 Punkten a 14 Rebounds staark Statistiken.
D'Arantia Fiels ass mat engem deziméierte Kader an de Match géint d'Musel Pikes gestart, ënner anerem huet mam Kiandre Gaddy nëmmen ee Profi matgespillt. D'Lokalekipp louch 6 Minutte viru Schluss nach mat 10 Punkte Virsprong a Féierung. D'Musel Pikes hunn de Match allerdéngs mat engem 19:5-Laf an de leschte 6 Minutte gedréint a wanne 84:80. Den Tom Welter konnt mat 22 Punkten iwwerzeegen.
Am Duell tëschent Mambra Mamer an der US Hiefenech hu béid Ekippe missen op ee Profispiller verzichten. Um Enn setzt sech Mamer 86:75 duerch, dat ënner dem Impuls vum Jacob Hilmer, dee 25 Punkten zur Victoire bäigesteiert huet.