Leverkusen wënnt an Ënnerzuel, ManCity kënnt géint Arsenal ënner d'Rieder

© AFP
An Italien gouf et e Remis am Mailänner Derby an a Spuenien huet Barcelona gewonnen.
Bundesliga
Leverkusen - Hoffenheim 3:1
1:0 Boniface (15'), 2:0 Frimpong (19'), 3:0 Schick (51'), 3:1 Orban (62')
An der däitscher Bundesliga behält Leverkusen d'Bayern am Bléck. De Champion huet sech e Sonndeg den Owend an Ënnerzuel mat 3:1 géint Hoffenheim duerchgesat.
De Boniface, deem säi Wiessel an der Woch a Saudi-Arabien geplatzt war, huet bei sengem Retour an d'Startopstellung direkt säin éischte Versuch (15') genotzt. An der Paus huet hie Plaz gemaach fir de Schick, deen och getraff huet (51'). Donieft huet nach de Frimpong (19') fir Leverkusen markéiert. No Giel-Rout vum Grimaldo (61') huet den Orban verkierzt, ma fir eng Iwwerraschung sollt et awer net méi duergoen.
Eintracht Frankfurt - Wolfsburg 1:1
0:1 Tuta (50'), 1:1 Uzun (81')
Laang huet sech Eintracht Frankfurt géint de VfL Wolfsburg schwéier gedoen, huet nom Réckstand awer eng Schëpp dropgeluecht an huet sech duerch den Joker Uzun nach ee Punkt geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
FC Arsenal - Manchester City 5:1
1:0 Odegaard (2'), 1:1 Haaland (55'), 2:1 Partey (56'), 3:1 Lewis-Skelly (62'), 4:1 Havertz (76'), 5:1 Nwaneri (90+3')
E Sonndeg gouf et an der Premier League en Debakel fir Manchester City. Bei Arsenal waren d'Skyblues um Enn ouni Chance. Si hunn d'Gunners awer och duerch zolidd Feeler zu Goler agelueden. Um Enn huet sech d'Lokalekipp mat 5:1 behaapt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AC Mailand - Inter Mailand 1:1
1:0 Reijnders (45'), 1:1 de Vrij (90+3)
Laang huet et duerno ausgesinn, wéi wann den AC Mailand déi drëtten Derby-Victoire an dëser Saison kéint feieren. Um Enn vun der Partie ass den Drock vun Inter awer ze grouss ginn. An der Nospillzäit huet den de Vrij d'Gäscht erléist an nach den 1:1 geschoss. Inter hat an der Schlussphas och dräi Mol de Potto getraff.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Barcelona - Deportivo Alavés 1:0
1:0 Lewandowski 61'
De Lewandowski huet fir eng weider Victoire vu Barcelona gesuergt. De Pol huet an der 61. Minutt den decisiven 1:0 geschoss. Schonn am Allersmatch hat hien allen dräi Goler géint Alavés markéiert. D'Gäscht hu wärend dem ganze Match nëmmen dräi Mol e Schoss op de Gol ofginn.
Duerch d'Victoire huet Barcelona als Drëtten de Retard op de Leader Real Madrid op 4 Punkte verkierzt a kënnt elo op 45 Punkten. Op der zweeter Plaz steet Atlético Madrid mat 48 Punkten.