Dëschtennis-Championnat
Berbuerg an Hueschtert-Foulscht stinn an den Halleffinallen

E Sonndeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat deen zweetleschte Spilldag.
Zanter e Sonndeg sti mat Berbuerg an Hueschtert-Foulscht déi éischt zwee Halleffinalisten am nationalen Dëschtennis-Championnat fest. Berbuerg huet sech fir de Kont vum 4. Spilldag am Playoff mat 6:2 zu Lénger behaapt. Hueschtert-Foulscht ass mat 6:3 op Recken wanne gaangen.
Donieft huet nach den Houwald an Esch e 5:5 gedeelt.
Déi zwee lescht Tickete fir d'Halleffinalle ginn iwwer d'Véierelsfinalle verdeelt. Ëm dës spillen deemno Recken, Lénger, Esch an den Houwald.
D'Resultater am Iwwerbléck
Am meeschte gelies