Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Nicolas Wagner: "Mäi Quater Back Junior huet Energie wéi ee Formel 1"

An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch den Dressurreider Nicolas Wagner Invité.
Den Nicolas Wagner ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent“. No Tokio 2021 war den Dressurreider och dat leschte Joer nees bei den Olympesche Spiller mat dobäi. Zu Paräis koum hien op déi ganz gutt 24. Plaz.
Am Podcast beim Rich Simon erzielt hien ënnert anerem, wéi hie bei den Dressursport komm ass. Et geet een awer och gewuer, firwat hie sech virun 10 Joer entscheet huet, fir de Quater Back Junior, mat deem hien op den Olympesche Spiller war, ze kafen. Den Nicolas Wagner verréit eis awer och, wéi gutt de Grand-Duc Henri ka reiden.
Podcast Drëtt Hallschent Episod 181: Drëtt Hallschent mam Nicolas Wagner
Am meeschte gelies