Tornado verléiert no Verlängerung

© AFP Archivbild
Den Tornado verléiert déi éischte Kéier dëst Joer beim Tabellevéierten zu Courbevoie knapp no Verlängerung mat 6:5.
Nodeems et bis dräi Minutte viru Schluss nach ausgesinn huet, wéi wann de Veräin aus dem Grand-Duché seng fënneft Victoire noenee kéint féieren an den Tornado mat 5:3 vir war, huet ee missen no 2 séiere Goler vun de Fransouse beim Stand vu 5:5 an d'Verlängerung goen, wou si sech an der 63. Minutt dunn duerch e weidere Gol vun den Ducs vu Courbevoie hu misse geschloe ginn.
Den Tornado bleift och no dëser Defaite mat 24 Punkten op der 5. Plaz knapp virun Évry an Orléans, déi jeeweils 22 Punkten op hirem Kont hunn.
Den nächste Samschdeg spillt den Tornado doheem géint den Tabelleleschten Dijon.
Zanter dem leschte Weekend scho steet fest, datt den Tornado sécher am Playoff steet.