Um 14. Spilldag konnt sech Jonglënster géint Dikrech behaapten, wärend Déifferdeng a Mamer d'Punkte gedeelt hunn.

Um 14. Spilldag koum et tëscht dem Racing an Hesper zum Spëtzematch vum Damme-Championnat. Den Tabelleleader Racing ass mat 3:2 als Gewënner vum Terrain gaangen a baut domat seng Avance op den Zweetplacéierten Hesper op 5 Punkten aus.

Hannendru ka Jonglënster vum Déifferdenger Gläichspill géint Mamer (0:0) profitéieren a laanscht Déifferdeng op Plaz 3 sprangen. Jonglënster hat 3:2 géint Dikrech gewonnen.

Ell hat de Match géint Mäerter-Waasserbëlleg forfait 3:0 gewonnen. D'Entente WMG huet mat der Entente Housen / FF Norden beim 5:0 kuerze Prozess gemaach.