Diddeleng dréint de Match géint Wolz an der Schlussphas

© Usch Thommes
Domadder bleift de Réckstand op den Tabelleleader Déifferdeng weiderhi bei 10 Punkten.
E Sonndeg war am nationale Futtball-Championnat d'Suite vum 19. Spilldag.
Fir den Tabellenzweeten F91 Diddeleng gouf et virun den eegene Spectateuren eng 3:1-Victoire géint Wolz duerch dräi spéit Goler. No enger ausgeglachener Ufanksphas konnt d'Ekipp vu Wolz ëmmer méi d'Iwwerhand wannen, wat och un enger schwaacher Prestatioun vum F91 louch, dee sech bis op ee Schoss op d'Lat sou gutt wéi keng Chancen erausspille konnt. Kuerz virun der Paus konnte sech d'Gäscht da fir hir Beméiunge belounen an am Numm vum Chris Philipps op 1:0 stellen. Nom Säitewiessel war Diddeleng da weider net wierklech geféierlech. An engem Match ouni vill Héichpunkten ass dann awer nach an der 75. Minutt den Ausgläich duerch de Guilain Zrankeon gelongen. Kuerz viru Schluss huet de Vincent Decker dann op 2:1 gestallt an de Samir Hadji mat der leschter Aktioun vum Match op 3:1 erhéicht, wat dem F91 spéit déi dräi Punkte geséchert huet.
Da konnt och de Swift Hesper mat engem knappen 1:0-Succès géint Beetebuerg dräi Punkte sammelen. Vun Ufank u war d'Lokalekipp besser am Match a konnt an der 24. Minutt vun engem Beetebuerger Feeler profitéieren. De Baudry hat hei de Ball mam Kapp ze kuerz op de Golkipp zréckginn, sou dass den Dominik Stolz no enger Pass vum opmierksame Correia markéiere konnt. Am weidere Spillverlaf war Hesper dann net wäit vun engem zweete Gol fort an ass no 45 Minutte mat enger verdéngter Féierung an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent war Beetebuerg dann offensiv zwar méi aktiv, dat awer ouni Succès. Hesper konnt sech an der Schlussphas da weider puer Chancen erausspillen, ouni awer den Deckel definitiv drop ze maachen. Um Enn steet eng knapp, awer verdéngte Victoire.
Fir d'Fola gouf et doheem eng 0:3-Defaite géint de Racing. D'Goler vum Pina Gomes a Mabella (2) hunn hei den Ënnerscheed gemaach.
D'Punkte gedeelt hu sech e Sonndeg Munneref a Rodange mat engem 1:1, Hueschtert a Rouspert mat engem 2:2 a Péiteng a Rouspert mat engem 0:0. Fir Monnerech gouf et dann nach eng 1:0-Victoire géint d'Escher Jeunesse.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.