Wichtege Succès fir Beetebuerg, Wolz verléiert géint Munneref

© Val Wagner
Beetebuerg huet 3 Punkte géint Monnerech kritt an den Ecart op déi direkt Ofstigsplaz op 8 Punkte vergréissert. Eng Victoire gouf et och fir Munneref.
Um Sonndeg war d'Suite vum 20. Spilldag an der BGL Ligue.
Ënnen of huet Beetebuerg wichteg 3 Punkte géint Monnerech kritt. D'Heemekipp konnt mat 2:1 gewannen. An der 1. Hallschent ass Monnerech séier duerch den Touré a Féierung gaangen. An der Suite hu sech béid Ekippen am Spill no vir schwéier gedoen. Kuerz virun der Paus konnt den Idha awer den 1:1 markéieren. An der 2. Hallschent huet de Gomes an der 49. Minutt d'Partie komplett gedréint. Béid Ekippen hu sech Chancen erausgespillt, et sollt awer bei der knapper Victoire fir Beetebuerg bleiwen.
Wolz huet donieft mat 0:2 géint Munneref de Kierzere gezunn. Munneref war an der 1. Hallschent déi besser Ekipp a war verdéngt duerch de Fournier mat 1:0 am Avantage. Och nom Säitewiessel waren d'Gäscht besser an hu sech um Enn verdéngt behaapt. De Kumbi hat fir den 2. Gol gesuergt.
Um Samschdeg goufen déi aner 6 Matcher gespillt. Déifferdeng hat sech do ë.a. géint Péiteng behaapt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Beetebuerg - Monnerech 2:1
0:1 Touré (3'), 1:1 Idha (45+3'), 2:1 Gomes (49')
Wolz - Munneref 0:2
0:1 Fournier (25'), 0:2 Kumbi (60')