Gym a Mamer ginn an en 3. Match

© Roland Miny / pressphoto (Archiv)
Bei den Dammen a bei den Häre war de Weekend den 2. Spilldag vun den Halleffinallen a vum Playdown.
Dammen
Bei den Dammen ass e Sonndeg déi zweet Halleffinall tëscht der Gym* a Mamer gespillt ginn. Nodeems Mamer den éischte Match no fënnef serréierte Sätz mat 3:2 fir sech entscheet, huet d'Gym d'Best-of-3-Serie e Sonndeg den Owend ausgeglach. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech 3:1 behaapt. Domadder kënnt et zu engem decisiven drëtte Match tëscht béide Formatiounen.
De Géigner vun der Gym oder vu Mamer an der Finall steet scho fest. Walfer hat e Samschdeg och déi zweet Halleffinall géint Péiteng fir sech entscheet. Mat 3:1 (25:20, 25:22, 23:25, 25:19) konnt ee sech an der eegener Hal behaapten an domat nees an d'Finall vum Championnat anzéien.
Am Playdown huet Stengefort mat 1:3 (23:25, 16:25, 25:23, 15:25) géint Bartreng de Kierzere gezunn.
Méi däitlech war et zu Esch, wou d'Lokalekipp sech 3:0 (25:17, 25:15, 25:22) géint Iechternach behaapte konnt.
Dammen Playdown
Hären
Nom éischte Saz huet alles dono ausgesinn, dass d'Bartrenger sech no der Victoire am éischte Match och zu Fenteng duerchsetze géifen. Ma d'Lokalekipp huet sech onbeandrockt gewisen an déi zweet Halleffinall um Enn mat 3:1 (28:30, 25:22, 25:19, 25:20) gewonnen, woumat et d'nächst Woch zu Bartreng zum decisive Match kënnt.
Stroossen huet iwwerdeems zu Luerenzweiler näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 3:1 (25:15, 18:25, 25:19, 25:18) behaapt, woumat de Champion a Coupe-Gewënner sech op en Neits fir d'Championnats-Finall qualifizéiert.
Am Playdown gouf et um 2. Spilldag eng kloer 3:0 (25:22, 25:20, 25:22)-Victoire fir den Escher VBC géint Iechternach.
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung iertemlecherweis, datt Mamer och déi zweet Halleffinall gewonnen hätt, ma deem ass net esou.