Beetebuerg sammelt wichteg Punkten, Stroossener Serie räisst
Donieft hu mat Déifferdeng, Diddeleng a Péiteng d'Favoritten hir Matcher gewonnen. Rouspert an d'Jeunesse Esch deelen d'Punkten.
Den SC Beetebuerg klotert weider Richtung Verbleif an der héchster Lëtzebuerger Spillklass. No der 3:1-Victoire bei der US Hueschtert huet d'Ekipp aus der Eisebunnerstad just nach ee Punkt Réckstand op Wolz, déi op enger Netofstigsplaz stinn, a ka gläichzäiteg de Virsprong op de 14. Rodange op 5 Punkten ausbauen.
De Match hat op Aenhéicht ugefaangen, mee nom zweete Gol hat Beetebuerg d'Heft an d'Hand geholl. Virun allem an der Offensiv hu si méi zwéngend gewierkt. Et war allerdéngs och e schwaachen Optrëtt vun Hueschtert an der Defense. Nodeems d'Gäscht an der Paus 3:0 vir waren, hat sech Hueschtert vill virgeholl a sollt an der 64. Minutt dofir belount ginn. Zemools no der giel-rouder Kaart fir de Beetebuerger Maconada (66') war de Momentum op Hueschterter Säit. Et sollt awer net méi eraussprangen.
D'UNA Stroossen verléiert 1:3 géint Munneref a muss domat déi éischt Néierlag zënter dem 26. Oktober 2024 astiechen. Déi lescht 10 Matcher an der BGL Ligue hat d'Ekipp vum Trainer Stefano Bensi net verluer.
Déi éischt Hallschent huet de Spectateuren um Stroossener Terrain net vill gebueden. De Schoss an der 18. Minutt vu Munneref war déi eenzeg Golchance an den éischte 45 Minutten - an déi war nach dobannen. D'UNA war zwar beméit, mee dobäi ass net vill erauskomm. Och an der zweeter Hallschent war net vill méi Schwong am Match. Eréischt nom zweeten an drëtte Gol fir Munneref war méi lass. Wéi d'Néierlag fir Stroossen net méi ze verhënnere war, huet de Goncalves nach op 1:3 verkierzt.
Déifferdeng huet sech beim 4:0 géint den Tabelleleschte Monnerech keng Bléisst ginn an Diddeleng feiert eng 2:0-Victoire um Escher Gaalgebierg bei der Fola. E Samschdeg hat sech Nidderkuer 3:1 beim Racing duerchgesat an e Freideg hat Hesper 2:0 zu Rodange gewonnen. Un der Tabellespëtzt bleift domat alles beim alen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerFola Esch - Diddeleng 0:2
0:1 Decker (3'), 0:2 Flick (75')
Déifferdeng - Monnerech 4:0
1:0 Trani (19'), 2:0 Trani (28'), 3:0 Trani (57'), 4:0 El Idrissi (85')
Stroossen - Munneref 1:3
0:1 Far (18'), 0:2 Fournier (73'), 0:3 Fournier (77'), 1:3 Goncalves (87')
Rouspert - Jeunesse Esch 1:1
1:0 Carratala-Jimenez (53'), 1:1 Teixeira (58', Eelefmeter)
Hueschtert - Beetebuerg 1:3
0:1 Idha (3'), 0:2 Maconda (23'), 0:3 Muller (33'), 1:3 Alverdi (64')
Wolz - Péiteng 0:3
0:1 Muratovic (77'), 0:2 Fuss (90'+4), 0:3 Sarr (90'+10)