Fir Bergamo gëtt et an Italien ëmmer méi schwéier, fir Inter Mailand nach vun der Tabellespëtzt ze verdrängen.

Bundesliga

Freiburg - Union Berlin 1:2
1:0 Höler (29'), 1:1 Khedira (30'), 1:2 Ilic (48')

Déi éischt 45 Minutte waren intensiv am Freiburger Stadion. Déi éischt gutt Chance goung op de Kont vun de Gäscht, éier Freiburg duerch e Fräistouss vum Grifo zu senger éischter geféierlecher Aktioun koum. Kuerz no dëser Chance konnt den Höler a sengem 300. Match fir de Sportclub op 1:0 stellen, mee direkt am Géigenzuch huet Union geäntwert.

Berlin sollt och bis zur Paus nach e puer gutt Aktiounen hunn. Bei enger huet sech de Freiburger Golkipp Atubolu blesséiert, konnt awer weiderspillen. Nodeems Berlin nom Säitewiessel a Féierung goe konnt, huet den Atubolu mussen ausgewiesselt ginn. Freiburg koum eréischt spéit zu méi geféierlechen Aktiounen, mee och déi laang Nospillzäit ass net duergaangen, fir déi éischt Néierlag no siwe Matcher ze verhënneren. Fir Berlin sinn et wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.

Dortmund - Mainz 3:1
1:0 Beier (39'), 2:0 Can (42'), 3:0 Beier (72'), 3:1 Nebel (76')

Dortmund feiert eng net onverdéngt Victoire géint Mainz a kann no zwou Néierlage mol nees dräi Punkte verbuchen, huet awer weiderhi 5 Punkte Réckstand op eng Europa-League-Plaz. Fir Mainz war et no enger Rei Matcher déi éischt Néierlag, si bleiwen trotzdeem op Plaz 4.

An der éischter Hallschent hate béid Ekippe gläich vill vum Match, mee et war de BVB, dee mat zwee séiere Goler hannerteneen d'Weiche fir d'Victoire setze konnt. Nom drëtte Gol hat et ausgesinn, wéi wann de Match scho gelaf wär, mee Mainz konnt séier äntweren, wat de Match bis zum Schluss spannend gehalen huet.

FA Cup: 1/4-Finall

D'Premier League leet dëse Weekend wéinst de Véierelsfinallen am FA Cup eng Paus an. E Samschdeg hate sech Crystal Palace an Nottingham fir d'nächst Ronn qualifizéiert.

Preston North End - Aston Villa 0:3
0:1 Rashford (58'), 0:2 Rashford (63', Eelefmeter), 0:3 Ramsey (71')

Aston Villa gouf senger Favoritteroll géint den Zweetligist Preston North gerecht a steet an der Halleffinall vum FA Cup. Dem Neizougang Marcus Rashford sinn an dësem Match seng éischt Goler fir säin neie Veräi gelongen.

North End huet de Gäscht aus Birmingham laang Paroli gebueden, mee zwee Goler vum Rashford no der Paus hunn de Grondstee fir d'Victoire geluecht. Mam drëtte Gol war den Deckel dunn drop.

Bournemouth - Manchester City 1:2
1:0 Evanilson (21'), 1:1 Haaland (49'), 1:2 Marmoush (63')

Manchester City steet déi siwent Kéier hannerteneen an der Halleffinall vum FA Cup. Et war en enke Match tëscht béide Premier-League-Ekippen, wou den Ex-Frankfurter Marmoush fir d'Entscheedung gesuergt huet. Hie gouf fir den Haaland agewiesselt, well dee blesséiert vum Terrain huet musse goen.

Serie A

Florenz - Bergamo 1:0
1:0 Kean (45')

Bergamo verléiert weider den Uschloss un de Leader Inter Mailand a muss déi zweet Néierlag hannertenee verkraaften. D'Norditalieener bleiwen Drëtten hanner Neapel wärend Florenz vun dëser Victoire profitéiert an nees méi no un d'international Plaze kënnt. De Moise Kean konnt kuerz virun der Paus mat engem Solo vun der Mëttellinn bis virun de Gol fir d'Entscheedung suergen.

Inter Mailand - Udinese 2:1
1:0 Arnautovic (12'), 2:0 Frattesi (29'), 2:1 Solet (71')

Inter Mailand baut seng Avance op Bergamo op elo 9 Punkten aus. Neapel huet 6 Punkte Réckstand, awer ee Match manner.

D'Nerrazurri hat de Match eigentlech déi ganz Zäit iwwer am Grëff a louch héichverdéngt 2:0 vir. Am zweeten Duerchgang hu si awer e bësse lappe gelooss an op eemol war Udinese nees am Match. Um Enn konnt Inter sengem Golkipp Yann Sommer Merci soen, dass si 3 Punkten doheem behalen. Hiren Trainer Simone Inzaghi krut an der Nospillzäit wéinst Meckere souguer d'Rout Kaart gewisen.

Ligue 1

La Liga

FC Barcelona - Girona 4:1
1:0 Krejci (43', Eegegol), 1:1 Danjuma (53'), 2:1 Lewandowski (61'), 3:1 Lewandowski (77'), 4:1 Torres (86')

Nodeem Real Madrid e Samschdeg géint Leganés gewonnen hat, huet Barcelona mat der Victoire géint Girona den ale Virsprong nees hiergestallt. Barcelona hat wuel gréisstendeels d'Kontroll vum Match, konnt awer eréischt duerch een Eegegol kuerz virun der Paus a Féierung goen. No der Paus konnten d'Katalane méi aus hire Chance maachen an de Match kloer fir sech entscheeden.

Athletic Bilbao - Osasuna 0:0