Berbuerg an Hueschtert-Folscht stinn an der Finall

© Emile Mentz (Archiv)
Berbuerg konnt sech kloer géint den Houwald behaapten, Hueschtert-Folscht huet dogéint alles erageheien, fir net an de Golden Match ze mussen.
Nodeem de leschte Weekend d'Titele bei de Landesmeeschterschafte vergi goufen, stoung dëse Sonndeg de Retourmatch vun den Halleffinallen an der Audi League um Programm. An hei hu sech Berbuerg an Hueschtert-Folscht duerchgesat. Sou kënnt et an der Finall zum Remake vun der leschter Saison.
Als éischte Finalist stoung Berbuerg fest. Si hate beim 5:1 géint den Houwald keng Problemer. D'Ekipp aus dem Lëtzebuerger Osten hat och den Allermatch virun dräi Woche mat 6:2 fir sech entscheet.
Méi spannend war et an der Partie tëscht dem amtéierende Champion Hueschtert-Folscht a Recken. Recken huet en 2:6 aus dem Allermatch musse guttmaachen. No 5 Matcher hat et gutt fir d'Gäscht ausgesinn; si louche 4:1 vir. Duerno huet Hueschtert-Folscht awer den Turbo ageluecht an nach e Gläichspill hikritt. Sou stoung et no 10 Matcher 5:5. Domat konnt sech Hueschtert-Folscht in extremis den Ticket fir d'Finall sécheren.