Munneref steet als éischten Ofsteiger fest

Um Dënschdeg a Mëttwoch gouf den drëtte Spilldag bei den Hären am Ofstigsgrupp gespillt.
Hei ass um Mëttwoch déi éischt Entscheedung gefall. Avanti Munneref spillt d'nächst Saison nees an der Nationale 2. Fir den Opsteiger geet et no just enger Saison an der héchster Divisioun nees erof. Um Mëttwoch konnte sech d'Musel Pikes mat 102:85 zu Munneref duerchsetzen, doduerch zitt d'Ekipp vun der Musel nees un Hiefenech laanscht op déi zweet Plaz an der Tabell. Bei de Pikes huet den Trio Walley/Gordon/Okundaye zesumme 76 Punkte markéiert, d'Lokalekipp huet 17 Dräier getraff.
Hiefenech weist mat Victoire zu Mamer eng staark Reaktioun
Um Dënschdeg hat sech Hiefenech mat 102:99 zu Mamer duerchgesat. Des Victoire war eng staark Reaktioun op déi enttäuschend 59:79-Néierlag géint d'Musel Pikes leschte Samschdeg.
De Match war haart ëmkämpft, Mamer ass duerch e spektakuläre Buzzer-beater vum Profi Jacob Hilmer vun der Mëttellinn mat engem 56:50 Virsprong an d'Paus gaangen. D'Gäscht hunn d'Féierung am drëtte Véierel nees iwwerholl an sech an enger spannender Schlussphas knapp behaapt. De James Weatherspoon konnt mat 34 Punkten iwwerzeegen, de Philippe Arendt (14), Tom Schomer (12) a Max Schmit (12) hunn och zweestelleg gescort fir d'Gäscht.
Duerch des Victoire sammelt Hiefenech zwee wichteg Punkten a bleift an enger gudder Ausgangspositioun fir déi zweete Plaz an der Tabell ze erreechen.