Um Mëttwoch stoung den zweete Match vum Barrage bei den Hären um Programm.

D'Musel Pikes séchere sech mat enger 65:62-Victoire géint d'Black Frogs Schieren hir Plaz an der Enovos League fir d'Saison 2025/26. D'Miseler wannen d'Serie, déi am "Best-of-3" Modus gespillt gouf, mat 2:0.

An enger enker Partie hunn d'Gäscht aus der Nationale 2 net locker gelooss, obwuel sech d'Pikes e puer Mol ofsetze konnten. An de leschte Sekonnen hunn d'Supporter e richtege Krimi gesinn. Schieren hat d'Méiglechkeet de Match auszegläichen, huet de Worf allerdéngs verginn an déi Miseler konnte sech feiere loossen.

20 Punkten goungen op de Kont vum Maurice Gordon, den Tom Welter konnt mat engem triple double (12 Punkte, 11 Rebounds, 10 Assists) iwwerzeegen.

Domat sinn all Entscheedunge gefall, Munneref an Hiefenech falen aus der Enovos League an d'Nationale 2, d'Kordall Steelers an de Racing Lëtzebuerg spillen nächst Saison an der héchster Divisioun.