E Sonndeg gouf zu Kietscht déi zweet Finall am nationalen Dëschtennis-Championnat gespillt.

Hueschtert-Folscht hat leschte Sonndeg déi éischt Finall mat 6:2 gewonnen. Well am Best-of-2-Modus gespillt gëtt, wier dem Titelverdeedeger e Sonndeg e Remis duergaangen.

Vun Ufank un hu Van Dessel a Co. awer gewisen, datt si näischt wollten ubrenne loossen. Duerch 3 Victoiren an den éischte 4 Simplen huet schonn e gréissert Wonner aus Berbuerger Siicht misse geschéien, fir dëst Resultat nach ze dréinen.

Zu engem Wonner sollt et awer net méi kommen, well esouwuel de Maël van Dessel wéi och de Gleb Shamruk huet seng Nerve behalen. Deemno stoung et 5:1 fir Hueschtert an domat war den Doublé perfekt.

Berbuerg muss sech also no der batterer Néierlag d‘lescht Joer och dës Saison mat der zweeter Plaz zefridde ginn, iwwerdeems Hueschtert-Folscht de véierte Championstitel noenee feiert.

An där Konstellatioun wäert Hueschtert-Folscht déi nächst Saison awer net méi untrieden. De Maël van Dessel an de Zoltan Fejer-Konnerth wäerten an der Saison 2025-2026 nämlech net méi fir de frëschgebakene Champion spillen.

D'Resultater am Iwwerbléck