Respekt, Integratioun, Inclusioun an Eco-Responsabilitéit sinn d'Haaptpilieren
De Méindeg den Owend gouf am Amphitheater vun der Coque dat neit Concept Intégré 2.0 vum COSL presentéiert.
A Presenz vum Grand-Duc Henri, dem Sportminister Georges Mischo, dem neie Conseil vum Comité Olympique, grad ewéi de Vertrieder vun de Federatiounen, goufen d'Haaptpunkte virgestallt. 3 grouss Ziler goufe sech dofir gesat:
- De Sport an d'Beweegung stäerken d'Gesellschaft.
- All Member vun eiser Gesellschaft ass reegelméisseg kierperlech aktiv.
- Méi Lëtzebuerger Sportler si kompetitiv am internationale Verglach.
Respekt, Integratioun, Inclusioun an Eco-Responsabilitéit sinn d'Haaptpiliere vun dësem Konzept. Beim Ausschaffe vun dësem Konzept gouf sech un den olympesche Wäerter Excellenz, Respekt a Frëndschaft orientéiert. Ma och déi paralympesch a specialolympesch Wäerter goufe mat abezunn. De Fokus läit bei der Integratioun vum Sport an dem Alldag vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg, dëst fir Grouss a Kleng.
Ervirgehuewe goufen d'Wichtegkeet vun der Beweegung fir Kanner, ma awer och de Benevolat, d'Beweegung am Alldag an op der Aarbechtsplaz. D'ganz Gesellschaft soll fir d'Beweegung sensibiliséiert ginn, ugepasst un déi verschidden Alterskategorien. Dofir stinn déi 10 strategesch Haaptachsen, déi all zesummen op dëst Zil sollen hiféieren.
Sport a Beweegung solle fir jiddereen zougänglech sinn a ginn. All d'Acteuren an eiser Gesellschaft solle bei dësem Prozess mat abezu ginn. Beim Ëmsetze vun dësem Concept Intégré 2.0 wäerten de Comité Olympique an de Sportsministère enk zesummeschaffen.