Donieft ass Sporting portugisesche Champion a Metz a Reims treffen am franséische Barrage-Match openeen.

An der Bundesliga qualifizéiere Frankfurt an Dortmund sech fir d'Champions League, wärend Heidenheim an d'Relegatioun muss.

FA Cup

Crystal Palace - Manchester City 1:0
1:0 Eze (16')

An der Finall vun der englescher Coupe ass Crystal Palace fréi duerch ee schéin erausgespillte Konter a Féierung gaangen. No 36 Minutten kruten d'Citizens en Eelefmeter, de Marmoush ass allerdéngs um Henderson hänke bliwwen. An der Suite huet City de Match zwar dominéiert an de Géigner kaum méi un de Ball gelooss, ma richteg  Golgeleeënheete sollte bis zum Schluss net dobäi eraussprangen. Et ass domat den éischte groussen Titel an der Veräinsgeschicht vu Crystal Palace.

Liga Portugal 

Braga - Benfica 1:1
1:0 Zalazar (24', Eelefmeter), 1:1 Pavlidis (63')

Braga ass no enger knapper hallwer Stonn duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. Benfica huet sech insgesamt schwéier gedoen, fir gutt Geleeënheeten ze kreéieren, ma no enger Stonn konnt de Pavlidis ausgläichen. Um Enn sollt et net duergoen, fir de Match nach ze dréinen. Och eng Victoire hätt awer näischt dru geännert, dass een de Championstitel knapp verpasst. De Leandro Barreiro stoung bei Benfica an der Startformatioun an huet de ganze Match gespillt.

Sporting - Vitoria Guimaraes 2:0
1:0 Goncalves (55'), 2:0 Gyökeres (83')

Sporting huet just eng Victoire gebraucht, fir de Championnat ze gewannen. Zwar huet een de Match dominéiert, vill Chancë konnt ee sech awer net erausspillen. No enger knapper Stonn konnt de Goncalves du mat der beschter Occasioun vum Match op 1:0 stellen. Kuerz viru Schluss huet de Gyökeres den 2:0 markéiert an de Championnat esou entscheet. Sporting ass domat fir déi 21. Kéier portugisesche Champion.

Ligue 1

Stroossbuerg - Le Havre 2:3
1:0 Santos (20'), 1:1 Touré (43', Eelefmeter), 2:1 Nanasi (53'), 2:2 Casimir (70'), 2:3 Touré (90+6', Eelefmeter)

Stroossbuerg ass wéinst der Victoire vu Lyon géint Angers mat dëser Defaite op déi 7. Plaz zréckgefall, woumat ee sech net fir d'europäescht Geschäft qualifizéiert. Lyon spillt domat d'nächst Saison an der Conference League. Duerch dëse Succès vu Le Havre fält Reims a leschter Minutt op déi 16. Plaz zréck an trëfft esou an der Relegatioun op Metz. Saint-Étienne a Montpellier steigen iwwerdeems an d'Ligue 2 of.

Nice - Brest 6:0
1:0 Guessand (16'), 2:0 Laborde (19'), 3:0 Bouanani (28', Eelefmeter), 4:0 Laborde (75'), 5:0 Moffi (82'), 6:0 Abdi (90+4')

Nice huet géint Brest näischt ubrenne gelooss a sech esou déi 4. Plaz geséchert, woumat ee sech fir d'Playoffs fir d'Champions League qualifizéiert. Lille ass no engem 2:1-Succès géint Reims zwar punktgläich mat Nice, wéinst der Goldifferenz geet et awer just fir déi 5. Plaz an domat fir d'Europa League duer.

Metz - Dunkerque 1:0
1:0 Bammou (90+3', Selbstgol)

An der Finall vum Opstigs-Playoff konnt Metz sech mat 1:0 duerch ee spéide Selbstgol vum Bammou duerchsetzen. Domat qualifizéiert ee sech fir de Barrage-Match, an deem et géint de 16. aus der Ligue 2 geet.

Serie A

Genoa - Atalanta 2:3
1:0 Pinamonti (37'), 1:1 Sulemana (47'), 2:1 Pinamonti (58'), 2:2 Maldini (63'), 2:3 Retegui (89')