Op der Dëschtennis-WM zu Doha am Katar huet de Luka Mladenovic sech am zweeten Tour der Nummer 17 an der Weltranglëscht nëmme knapp misse geschloe ginn.

Géint den An Jaehyun aus Südkorea huet de Lëtzebuerger gutt matgehalen an zwee Sätz fir sech entscheet. Um Enn huet hien de Match mat 2:4 verluer an ass domat eliminéiert.

Méi spéit e Méindeg war och nach d'Sarah De Nutte am Dammendubbel am Asaz. Mat hirer ungarescher Partnerin Georgina Pota gouf et eng 0:3-Néierlag géint eng südkoreanesch Koppel.