1985 kënnt et zu Bréissel zu enger vun den däischterste Stonnen an der Geschicht vum Futtball. 39 Fans bezuelen d'Tragedie am Heysel mat hirem Liewen.

Eigentlech hätt guer net dierfen zu Bréissel gespillt ginn. Den Heyselstadion, zanter Joren net renovéiert an ënnerhalen, war bei den Inspektioune vun der UEFA duerchgefall, a Liverpool an Turin haten am Virfeld, zu Recht, géint d'Decisioun protestéiert, dass do d'Finall an der Coupe vun de Landesmeeschter soll gespillt ginn.

RTL

© AFP

Eigentlech hätten am (spéider fatalen) Zuschauerblock Z guer keng italieenesch Fans dierfe stoen. Dëse louch tëscht de Blocken, déi den englesche Fans zougedeelt waren, a sollt fir neutral Zuschauer sinn. Och hei gouf am Virfeld drop higewisen, dass déi Decisioun e Sécherheetsrisiko géif duerstellen. Mee duerch e korrupten Offizielle vun der UEFA waren italieenesch Reesbüroen u sëllegen Tickete komm fir de Block Z an haten déi weiderverkaaft. Donieft waren nëmmen 8 Polizisten agedeelt, fir ze verhënneren, dass englesch Fans aus dem Nopeschblock an den neutrale Beräich andrénge kënnen. De labberen Drot tëscht de Bléck war keen Obstakel.

Eigentlech weess keen esou richteg, wéi alles ugaangen ass. Déi eng soen, d'Italiener haten ugefaange mat provozéieren, anerer behaapten, et wier den Englänner hir Schold gewiescht. D'Stëmmung war jiddefalls schonn de ganzen Dag opgehëtzt, a ronn eng Stonn, éiert de Match ufänke sollt, hunn op béide Säite Fans mat Steng a Knupperte geheit. D'Steng goufe jeeweils aus dem Bëton vum baufällege Stadion erausgebrach. Géint 19.45 Auer waren dunn aus dem Block X e puer honnert Fans vu Liverpool an de Block Z gestiermt. D'Leit, déi sech do opgehalen haten, wollte flüchten, mee de Wee op den Terrain gouf hinne vun der Police blockéiert, an duerch déi eenzeg Sortie vum Block goufe se vun den Offizielle net duerchgelooss. Et koum zur Panik - vill vun de Leit goufe géint eng Mauer gedréckt oder néier getrampelt. D'Police war net amstand Verstäerkung ze ruffen, well d'Batterië vun hire Funkgeräter platt waren, oder net kompatibel mat den Apparater vun der Gendarmerie. Ausserdeem goufe si vun italieenesche Fans aus anere Bléck attackéiert, déi hire Compatrioten zur Hëllef komme wollten.

RTL

© Belga / AFP

Eigentlech war et kee Wonner, wéi kuerz duerno déi besoten, brécheg Mauer ënnert dem Drock vun de Spectateuren ëmgefall war a weider Leit ënnert sech begruewen hat. Déi meeschten Affer waren un de Suitten dovun, oder duerch Erstécken am Gedrécks gestuerwen. D'Sécherheetskräfte waren dee ganzen Owend iwwerfuerdert wéinst Manktem u Personal. Fir d'Situatioun net komplett iwwerkachen ze loossen, gouf dunn an enger gemeinsamer Aktioun vun der UEFA, vun de Veräiner, vun der Police a vun der Märei Bréissel d'Decisioun geholl, de Match mat 87 Minutte Verspéidung awer nach unzepäifen. Fir d'Stad Bréissel gouf den Ausnamezoustand deklaréiert. De Versuch vu béide Kapitänen, iwwer de Mikro vum Stadion hir jeeweils Fans ze berouegen, sollt net vill bréngen.

Eigentlech wollten déi meeschte Spiller dës Entscheedung net matdroen. Vill Tëleessenderen hunn doropshin hir Liveiwwerdroung "aus Respekt virum Liewen" ofgebrach. Gespillt gouf dunn awer, an duerch en Eelefmeter vum Michel Platini konnt Juve déi Finall vun den europäesche Landesmeeschter fir sech decidéieren. No der Partie gouf den Terrain gestiermt, wat zu enger weiderer Hysterie féiere sollt. Dat Sportlecht hat en traurege Präis. Ënnert de 39 Affer vun dëser onnéideger Massepanik waren 32 Italiener, 4 Belsch, zwee Fransousen an een Nordir. Tëscht 400 a 600 Persoune solle méi oder manner schwéier blesséiert gi sinn.

RTL

© Dominique FAGET / AFP

Eigentlech waren no der Katastroph 26 englesch Hooligans un déi belsch Autoritéiten ausgeliwwert a vun deenen ugeklot ginn, awer nëmme 14 goufen um Enn zu Prisongsstrofe bis 3 Joer verurteelt. Och de korrupte Fonctionnaire vun der UEFA koum viru Geriicht a krut eng Strof, grad esou wéi zwee Cheffe vun der Police, déi fir d'Sécherheet zoustänneg waren. D'Belsch huet den Hannerbliwwenen ëmgerechent ronn 1,25 Milliounen Euro Entschiedegungen ausbezuelt. Als Reaktioun op d'Tragedie vun Heysel goufen duerno all englesch Futtballclibb op onbestëmmten Zäit vun europäesche Competitiounen ausgeschloss. Déi meeschte Veräiner hunn no 5 Joer rëm dierfe matmaachen - fir den FC Liverpool war et no 6 Joer de Retour op déi europäesch Bün.

RTL

© AFP

Eigentlech goufen no dësem Desaster keng grouss Matcher méi gespillt am Heyselstadion. Vun 1994 u war en endlech renovéiert a moderniséiert ginn, an dréit zanter der Reouverture den Numm Kinnek-Baudouin-Stadion. Op der Récksäit vun der betraffener Tribün erënneren eng Gedenktafel an eng Skulptur un d'Affer. Och zu Turin an zu Liverpool goufen an de Joren duerno änlech Monumenter ageweit. Donieft konnt aus dem Ongléck geléiert an aner Stadien ëmgebaut an ugepasst ginn. Ausserdeem gouf de Verkaf vun Ticketen adaptéiert a personaliséiert, fir ze verhënneren, dass bekannten Hooligans iergendwou era komme kënnen. Fir datt Heysel sech net nach emol widderhëlt... well eigentlech sollt jo nëmmen e Futtballmatch gespillt ginn.