D’Entscheedung huet missen am Eelefmeterschéisse falen. Um Enn setzt sech Kanech mat 6:5 duerch. No 90 Minutte stoung et tëscht béiden Ekippen 1:1.

E Sonndeg den Owend stoung am Stade du Centre Sportif Deich zu Ettelbréck e weidere Barragematch tëscht dem FC Jeunesse Kanech aus der Éierepromotioun an dem FC Wolz aus der BGL Ligue um Programm.  Virun 2.570 Spectateure huet d'Entscheedung missen am Eelefmeterschéisse faalen. Hei setzt sech um Enn no engem absoluten Krimi Kanech  net onverdéngt mat 6:5 n.E. duerch. Bei Wolz war et den Roeyns deem säin Elefeter iwwert de Gol gaangen ass.

Domat muss Wolz nächst Saison de Gang an d'Éierepromotioun untrieden iwwerdeems Kanech an der BGL Ligue spillen däerf.

An der Ufanksphase vum Match waren et virun allem déi Kanecher déi de Wee no vir gesicht hunn, de Schon am Gol vun de Wëlzer huet direkt zwee mol misse paréieren. Déi Kanecher waren ëmmer e Schratt méi schnell um Ball an hunn di Wëlzer guer net an de Match komme gelooss. Bis op 2 Schess aus der Distanz ass vun Wolz an der Offensiv net vill ze gesinn gewierscht. Sou sollt et dann och mat engem 0:0 an d'Paus goen.

An der zweeter Hallschent huet sech um Terrain een änlecht Bild wéi an deenen éischte 45 Minutte gewisen. Virun allem bei Kanech war e weider beméit, mee wat de Match mei laang gedauert huet, wat d'Präzisioun an de Spillrhythmus lues awer sécher verluer gaangen ass. Wolz hat seng beschte Chance an der 77. Minutt, de stramme Schoss vum Romeyns konnt de Roulez am Kanecher Gol awer iwwert d'Lat deviéieren. An der 89. Minutt huet dunn de Kanecher Desevic quasi aus dem Näischt den 1:0 markéiert. Kanech stoung mat engem Been an der BGL Ligue. An der drëtter Minutt vun der Nospillzäit huet dunn awer de Wëlzer Mannone dach nach den Ausgläich markéiert an et ass no enger spektakulärer Schlussphase an d'Verlängerung gaangen.

An der 1. Hallschent vun der Verlängerung hate béid Ekippe jeeweils eng gutt Chance, ma weder de Schroeder bei Wolz nach de Rauen bei Kanech kruten de Ball an de Filet. An deenen zweete 15 Minutten ass et kenger Ekipp gelongen sech eng Golchance erauszespillen sou dass d'Eelefmeterschéissen huet missen d'Entscheedung bréngen.

Hei hat Kanech déi besser Nerven. Bei Wolz war et de Roeyns deem säin Eelefter iwwert de Gol gaangen ass. D'Jeunesse Kanech steigt wéi gesoot an d'BGL Ligue op. Wolz muss de batteren Gang an d'Éierepromotioun untrieden.

RTL

© Eugène Thommes

Iwwerbléck vun de Barrage - Matcher