
Mat 17.000 Participanten an enger gudder Stëmmung an der Stad hätt een nees bewisen, dass et dat gréisste Sportevent zu Lëtzebuerg ass.
De Lëtzebuerger James Dunn konnt sech am Marathon duerchsetzen, wärend bei de Fraen déi Däitsch Edith Stiepel d’Victoire gefeiert huet.
Trotz engem Donnerwiederrisiko kuerz virum Depart, konnt d’Course ouni Ënnerbriechunge stattfannen. De Reen huet opgehalen, fënnef Minutte virum Start, an eréischt rëm ugefaangen, wéi dee leschte Leefer iwwer d’Zillinn gelaf ass.
Den Erich François sot am Interview, et hätt een eng weider Kéier Chance gehat mam Wieder. Et hätt een enk mat der Krisenzell zesummegeschafft.
Mat engem Bléck an d’Zukunft huet den Erich François d’Zil vun 20.000 Leefer an de nächste Jore kloer ënnerstrach. Aktuell ass ee bei 17.000. Lues a lues wéilt een d’Zuel u Participanten eropsetzen, mam Fokus op d’Logistik, Streckeféierung an den Erfarungen, déi ee sammelt.
E bemierkenswäerte Phänomen wier déi staark Participatioun vu jonke Leefer, besonnesch am Alter tëscht 20 a 30 Joer. Dësen Trend wier deelweis op den Afloss vu soziale Medien zeréckzeféieren. Do géif d’Lafkultur eng nei Dynamik erliewen.
Fir déi nächst Editioune sinn nei Initiative geplangt, dorënner eng méiglech Zesummenaarbecht mat aneren Nuetsmarathone weltwäit, fir eng exklusiv Serie u Coursen ze proposéieren. Dëst kéint d’Visibilitéit vum Lëtzebuerger Nuetsmarathon weider erhéijen an nei Participanten unzéien, esou den Eric François.