Carlos Alcaraz verdeedegt säin Titel zu Paräis

© AFP
An enger eepescher Finall, déi iwwer 5 Stonne gedauert huet, triumphéiert de Carlos Alcaraz no 5 Sätz géint Nr. 1 vun der Welt de Jannick Sinner.
D'Finall tëscht Jannick Sinner, op Nummer 1 gesat, an de Carlos Alcaraz, op Nummer 2 an der Weltranglëscht gefouert, huet am Virfeld vill versprach, a béid Spiller hunn dann och ofgeliwwert.
No 5 Stonnen an 29 Minutte ka sech um Enn de Carlos Alcarez mat 4:6, 6:7 (4:7), 6:4, 7:6 (7:3) a 7:6 (10:2) fir eng 2. Kéier zu Paräis duerchsetzen. Et ass dem Spuenier säin 5. Grand-Slam-Titel. Dobäi louch de Carlos Alcaraz an de Sätz scho mat 0:2 a Réckstand an huet tëschenzäitlech 3 Matchbäll konnten ofwieren.
Am 1. Saz war et virun allem den Alcaraz de seng Break Chancen net ausnotze konnt, an esou konnt de Jannick Sinner sech mat 6:4 duerchsetzen. Nodeems de Sinner dann och nach de 2. Saz mat 7:6 am Tie-Break fir sech entscheede konnt, war den Alcaraz nawell ferm ënner Drock. Mee de Spuenier huet dem Drock Stand gehalen, seng Feeler miniméiert an huet en impressionanten 3. Saz gespillt - an dëse mat 6:4 gewonn. Am 4. hunn sech béid Spiller absolut näischt geschenkt. Bei 5:3 hat de Sinner bei eegenem Opschlag d'Chance de Match zouzemaachen, konnt 3 Matchbäll net notzen, an de Spuenier konnt de Breakball realiséieren. Beim Stand vu 6:6 ass et fir eng zweete Kéier am Match an den Tie-Break gaangen. Dësen huet den Alcaraz no 0:2-Réckstand mat 7:3 gewonnen an et ass an den 5. Saz gaangen.
De leschten an entscheedenden Saz war identesch mam 4. D'Spectateure si voll op hier Këschte komm, béid Spiller hu Publicitéit fir den Tennis gemaach, et ass hin an hier gaangen. Den Alcaraz louch tëschenzäitlech mat 4:2 a Féierung. De Sinner huet sech awer net opginn, huet sech nees eru gekämpft a louch no iwwer 5 Stonne Spillzäit bemol mat 6:5 a Féierung. An wéi et komme misst, huet och dëse Saz an domat de Match missen am Tie-Break entscheet ginn. Hei hat de Carlos Alcaraz déi besser Nerven a gewënnt net nëmmen den Tie-Break mat 10:3 mee och Roland Garros 2025.