De 17 Joer jonke Fabio Domingos wiesselt fir d'Saison 2025/2026 vum FC Metz bei d'Espoire vum Champions-League-Gewënner.

De Fabio Domingos spillt aktuell fir d'Lëtzebuerger U19-Nationalekipp a vun der nächster Saison un och fir d'Jugend vum PSG. Seng viregt Statioune waren Nidderkuer a Metz.