Juve mat klorer Victoire, Al Hilal erkämpft sech 1:1 géint Real Madrid

© Patricia de Melo Moreira / AFP
E Mëttwochowend an an der Nuecht op en Donneschdeg eiser Zäit hunn och déi lescht Gruppe bei der FIFA-Club-WM hir éischt Matcher gespillt.
Am Optakt vun dësem Spilldag ass Manchester City als klore Favorit géint Wydad AC aus Marokko ugetrueden. D'Ekipp aus England huet dann direkt den éischte Feeler vun de Marokkaner konnten ausnotzen an ass no zwou Minutten duerch de Foden a Féierung gaangen. Genee 40 Minutte méi spéit an nach kuerz virun der Paus huet den Doku op 2:0 erhéicht. Weider Goler sollte keng méi falen, och well Wydad net wierklech geféierlech virun de Gol vun den Englänner koum. Ee Bemol gëtt et dann awer fir Manchester, si mussen den nächste Match op de Lewis verzichten, deen an der 88. Minutt mat Rout vum Terrain geflunn ass.
Real Madrid huet sech géint Al Hilal aus Saudi-Arabien däitlech méi schwéier gedoen. Zwar konnten d'Madrilenen no 34 Minutten duerch de Garcia a Féierung goen, ma de Ruben Neves huet 7 Minutte méi spéit vum Punkt ausgeglach. Esou goung dann déi éischt Hallschent, an där Al Hilal déi besser Ekipp war, op en Enn. Déi zweet Hallschent gouf nees eppes gebueden a Real hat an der 92. Minutt d'Chance, op 2:1 ze setzen. Ma de Bono am Gol vun Al Hilal huet den Eelefmeter vum Valverde gehalen, deen och den Noschoss net erasetze konnt. Esou ass et dann um Enn beim 1:1 tëscht béiden Ekippe bliwwen.
Déi aner Partie aus deem Grupp gouf tëschent dem CF Pachuca aus Mexiko an den Éisträicher vun RB Salzburg gespillt. Kuerz viru Schluss vun enger relativ ausgeglachener éischter Hallschent konnt RB duerch e Gol vum Oscar Gloukh a Féierung goen. Eng 10 Minutten nodeems déi zweet Hallschent ugepaff gouf, huet d'Partie och schonn nees mussen ënnerbrach ginn, dat wéinst engem Donnerwieder. Wéi et dunn no ronn annerhallwer Stonn weidergoe konnt, koum déi kal Dusch fir d'Salzburger, ma net wéinst dem Reen: De Bryan Gonzalez egaliséiert fir d'Mexikaner no engem direkte Fräistouss. Fir e Punkt aus der Partie matzehuelen, war et dunn awer net duergaangen: De Karim Onisiwo konnt per Kapp RB nees a Féierung bréngen, wat um Enn och fir d'Victoire duergaangen ass.
Um 21 Auer Lokalzäit sinn zu Washington D.C. dann Al-Ain aus de Vereenegten Arabeschen Emirater a Juventus Turin aus Italien openeegetraff. Hei war et eng kloer Affär fir d'Italieener, déi sech mat 5:0 duerchsetze konnten. De Francisco Conceicao an de Kolo Muani konnte jeeweils zweemol fir d'Juve treffen, den anere Gol huet de Kenan Yildiz geschoss.