PSG a Miami an den Aachtelsfinallen, Porto an Atletico fléie raus

© AFP
Drëtten a leschte Spilldag vun der Virronn an de Gruppen A a B. Den FC Porto an Atletico Madrid packen et net bis an d'Aachtelsfinallen.
Grupp A
Mat jeeweils 5 Punkte schléisse Palmeiras an Inter Miami d'Virronn of. Well d'Brasilianer e Gol méi geschoss hate wéi d'Amerikaner, decidéiere si de Grupp A fir sech. Duerch zwee spéit Treffer goung et am leschte Match vun der Virronn duer fir en 2:2 Gläichspill géint dem Lionel Messi seng Ekipp, deen déi Kéier net markéiere konnt. Ganzer 8 Goler gouf et an der Partie tëscht dem FC Porto an Al Ahly - fir d'Ägypter konnt de Wessam Abou Ali dräimol markéieren. De 4:4 huet um Enn awer kengem gedéngt, an esou fueren d'Portugisen no der Virronn heem.
Grupp B
Out och fir Atletico Madrid. D'1:0-Victoire géint Botafogo vu Rio de Janeiro duerch e spéide Gol vum Griezmann, war um Enn näischt wäert, well parallel de PSG am leschte Gruppematch 2:0 géint d'Seattle Sounders gewonnen huet. Den Championsleague-Gewënner konnt esou de Grupp B als Éischten ofschléissen. Och en Tour weider sinn d'Brasilianer, och mat 6 Punkten, genee sou wéi Atletico, déi wéinst der méi schlechter Goldifferenz awer net weiderkoumen.