Resultater vun den zweeten nationale Meeschterschaften

© Bruce Yeung / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Um Houwald goufen déi zweet national Championnater am Pickleball gespillt. Am September soll eng Ekipp eis Faarwen op der EM zu Roum vertrieden.
An dräi verschiddene Kategorië stoungen no enge 40 Matcher d'Gewënner fest. D'Finalle goufen iwwregens arbitréiert vun der Kim Huble, der éischter Lëtzebuerger Arbittesch, déi vun der USAP an der European Pickleball Federation zertifiéiert ass.

© FLT
Am Dammendubbel goungen d'Goldmedail an de Championstitel un d'Anne Grethen an d'Magdalena Kowalska. Bei den Häre war d'Victoire fir den Fx Fontaine an den Andreas Wischermann, am Double Mixte konnte sech d'Anne Grethen an den Thomas Mert duerchsetzen.
Wie fiert fir Lëtzebuerg op d'EM?
Mëtt September wäerten zu Roum déi zweeten Europameeschterschafte gespillt ginn. Wéi eng Ekipp déi Lëtzebuerger Faarwen do vertriede wäert, decidéiert sech am Laf vum Juli. Am November 2024 hat eng Ekipp vun 8 Spillerinnen a Spiller un der éischter Editioun vun der EM am Pickleball zu Southampton deelgeholl.
Wat ass dat fir eng Sportaart?
Pickleball ass 1965 an den USA erfonnt ginn. Zwee oder véier Spiller versichen, e Ball aus Konschtstoff, an deem Lächer dra sinn, mat engem platte Schléier iwwert e 86 Zentimeter héicht Netz ze schloen. Den Terrain huet ongeféier en Drëttel vun der Gréisst vun engem Tennisterrain. Virun allem um nordamerikanesche Kontinent gëtt Pickleball gespillt, mee d'Sportaart huet entretemps och hire Wee an Europa an op Lëtzebuerg fonnt. Am Grand-Duché sinn aktuell 7 Veräiner gemellt. Weider Informatiounen zum Sport an zur nationaler Pickleball-Zeen fënnt een op letzpickleball.lu.