2010 hunn den John Isner an de Nicolas Mahut zu Wimbledon déi längste Partie vun allen Zäite gespillt. An der Suite goufen d'Reegele geännert.

Um Court 18 vum All England Club gouf déi eenzegaarteg Partie gespillt. Den US-Amerikaner John Isner konnt sech um Enn géint de Fransous Nicolas Mahut duerchsetzen. Si haten 11 Stonnen a 5 Minutte laang ëm d'Victoire an der éischter Ronn gespillt - d'Partie war iwwer 3 Deeg gaangen. Eleng de fënnefte Saz hat méi laang gedauert wéi dee bis dohi längste Match.

Zanterhier sinn déi zwee Tennisspiller ontrennbar mat deem Mythos verbonnen. Hir Rackette vun deemools sinn haut ausgestallt an der Hall of Fame vum Tennis zu Newport an den USA. Den Isner hat 112 Assen zerwéiert a konnt esou gewannen, obwuel de Mahut 24 Punkte méi gemaach hat wéi hien. Fir deen historesche Marathon sollt den Amerikaner awer musse bezuelen. An der zweeter Ronn gouf hien a 74 Minutten, komplett entkräft, eliminéiert.

Nei Reegelen

Trotz allem Glanz koumen no der Partie Diskussiounen op fir d'Reglement, dat theoretesch onendlech Matcher zougelooss huet, ze änneren. A senger eenzeger Grand-Slam-Halleffinall stoung den Isner 2018 wärend gutt 6 Stonnen um Wuess vu Wimbledon. D'Partie hat de ganze Plang duerchernee bruecht an d'Fans ware bemol gelangweilt. Doropshin hate sech déi Responsabel vum traditiounsräichen Tennisclub fir eng Ännerung vun de Reegelen decidéiert. Zanter 2019 gëtt beim Stand vun 12:12 am entscheedende Saz en Tiebreak gespillt.