Manchester City an Inter Mailand sinn eliminéiert

© AFP
Manchester City verléiert 3:4 géint Al-Hilal aus Saudi-Arabien an Inter Mailand huet mat 0:2 géint Fluminense aus Rio de Kierzere gezunn.
De Match tëscht Manchester City an Al-Hilal ass eréischt an der Verlängerung decidéiert ginn. De Club aus England war spilleresch vun Ufank un iwwerleeën a konnt an der 9. Minutt schonn duerch de Bernardo Silva mat 1:0 a Féierung goen. De Golkipp vun Al-Hilal huet säi Veräin an der 1. Hallschent am Match gehalen a konnt direkt e puer grouss Chancë paréieren.
An der zweeter Hallschent huet Al-Hilal ManCity direkt duebel geschockt. No just 45 Sekonnen huet de Marcos Leonardo den 1:1 geschoss an an der 52. Minutt war et den 2:1 duerch de Malcolm. City konnt awer direkt reagéieren an den Haaland egaliséiert an der 55. Minutt nees op 2:2.
Weider Goler sinn duerno net méi gefall, wouduerch et an d'Verlängerung gaangen ass. An der 94. Minutt konnt de Koulibaly no engem Corner Al-Hilal mat 3:2 a Féierung bréngen.

Ma och dat sollt ManCity net schocken, well de Foden konnt an der 104. Minutt nees ausgläichen op 3:3.
De Schlusspunkt geet awer nees op de Kont vun Al-Hilal. De Marcos Leonardo konnt an der 112. Minutt de 4:3 markéieren an domadder konnt den Aussesäiter Al-Hilal de Favorit Manchester City eliminéieren a steet an der Véierelsfinall.

© AFP
Champions-League-Finalist verléiert géint Fluminense
Et war e Start wéi aus dem Billerbuch fir de Veräin aus Rio de Janeiro. Fluminense konnt duerch de Cano schonn an der 3. Minutt a Féierung goen. D'Mailänner hu sech schwéier gedoen an hu kee richtegen Zougrëff op de Match kritt. Si haten zwar méi Ballbesëtz, konnten dat awer net wierklech a Golchancen ëmmënzen. Et war allerdéngs en hëtzege Match mat eleng 6 giele Kaarten an den éischte 45 Minutten.
An der zweeter Hallschent war Inter Mailand besser am Match a konnt sech och e sëllege Chancen erausspillen. Virun allem de Kapitän Lautaro Martinez war ëmmer nees geféierlech virum Gol. An der 82. Minutt ass e Schoss vun him allerdéngs just bannen op de Potto gaangen... ma net hannert d'Linn.

© AFP
Iwwerdeem Inter Mailand alles probéiert huet fir nach auszegläichen, huet Fluminense an der 93. Minutt duerch e Schoss vum Hercules den 2:0 markéiert, wouduerch d'Iwwerraschung perfekt war.
Fluminense kritt et dann elo an der Véierelsfinall mat Al-Hilal ze dinn.